Wann ee just de Liewenslaf vun enger Persoun géif gesinn, ouni ze wëssen, ob dës een Urgentiste oder een Infirmier anesthésie et réanimation ass, da géif een no de Kompetenzen entscheeden, esou de CGDIS-Generaldirekter Paul Schroeder.
Et hätt ee vill Avise gefrot, hie wier ganz gespaant, déi ze liese fir kënnen eng op Fakte fundéiert a wëssenschaftlech Erklärung ze kréien. Hie géif sech froen, firwat vu vir era kéint gesot ginn, een Urgentiste kéint dat net maachen.
"An een Anästhesist d'office kann dat maachen. Et ginn Anästhesisten, déi dat sécherlech ganz gutt maachen a ganz gutt kënne maachen. Et ginn der sécherlech och, wou een déi Fro awer och sécherlech däerf stellen an dat nämmlecht gëllt beim Urgentiste."
Zënter iwwer 35 Joer ass de SAMU (Service d'Aide Médicale Urgente) zu Lëtzebuerg mat zwee Spezialisten an der Anästhesie besat: Engem Dokter, dem Anesthesiste-reanimateur, an engem Infirmier en anesthésie et réanimation. Gereegelt ass dat iwwer en internt Reglement.
An der Lescht waren ëmmer nees Diskussiounen opkomm, datt och Urgentistë sollen um SAMU matfuere kënnen.
Verännerung am Verhalen zënter der Pandemie
Zënter der Pandemie géif den Nationale Rettungsdéngschter CGDIS iwwerdeems bei Wäitem méi dacks geruff ginn. An de leschten dräi Joer wieren d'Asätz vu ronn 60.000 pro Joer op op ronn 72.000 eropgaangen, esou de Paul Schroeder. De Gros vun den Interventioune vum CGDIS wieren Ambulanzasätz.
CGDIS net primär responsabel
Mëttlerweil wier awer och sécherlech eng ganz Partie Asätz derbäi, wou ee sech d'Fro kann a misst stellen, ob dat am Fong Asätz fir de Rettungsdéngscht wieren, esou de Generaldirekter.
"Oder sinn et net awer och Asätz, déi eigentlech zustane kommen, well et op anere Plazen, soen ech, Carencë ginn."
Dat well d'Leit net un hiren Hausdokter oder e Sozialdéngscht kommen, deen eeben net 24 Stonnen disponibel ass. An an der leschter Instanz géifen d'Leit dann eeben den 112 uruffen, well si wéissten, datt do ëmmer een den Telefon ophieft.
De Paul Schroeder seet, et misst ee weider mam Gesondheetsministère Diskussiounen iwwer d’Soin-primairë féieren, fir eebe sécher ze stellen, datt d'Leit, un hiren Hausdokter respektiv un e Generalist kommen, wa si ee brauchen.