Well esou wéineg Leit Plainte feieren, géif et der Justiz un handfesten Zuele feelen, esou d’Nada Negraoui.
Aus deem Rapport geet iwwerdeems ervir, datt vill queer Mënschen zu Lëtzebuerg ëmmer nach Angscht hunn sech zum Beispill als Koppel an der Ëffentlechkeet ze weisen.
Den Ursprong vun esou queerfeindlecher Gewalt wier esouwuel am politesche System wéi an der Gesellschaft verankert, seet d’Nada Negraoui.
“La violence est aussi politique quelque part, elle est structurelle. Et les interactions avec des instances qui sont censées à protéger, soutenir, effectivement: donc la justice, la santé, l'éducation, les services sociaux ou l'école. Et des espaces qui sont censés venir à des endroits, des espaces de cares, de soins, deviennent des espaces de répétitions de violences.”
Hei géif et ëm kierperlech, sexuell a psychologesch Gewalt goen, seet d’Nada Negraoui.
De Fakt, datt Lëtzebuerg d’Bestietnes fir jiddereen hätt, wier e wichtege Schrëtt. Ma dat géif awer net duer goen. Et géif un der néideger Formatioun an Educatioun vun de Professioneller zum Beispill an der Justiz an an der Santé awer och am Schoulberäich feelen.
Iwwerdeems misst een d’Stereotyppen an der Gesellschaft briechen, seet d’Nada Negraoui.