Radioen

On air

Kannerradionuecht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "DiscoverEU": 35.000 Interrail-Ticketen fir jonk EU-Bierger

EU-Initiativ

"DiscoverEU": 35.000 Interrail-Ticketen fir jonk EU-Bierger

Vun haut un a nach bis den 30. Abrëll bitt d‘EU-Kommissioun jonke Leit op en neits d‘Méiglechkeet, gratis mam Zuch duerch Europa reesen. Wéi déi europäesch Kommissioun haut zu Bréissel matgedeelt huet, ginn am Kader vun der EU-Initiativ "DiscoverEU" ronn 35.000 Interrail-Ticketen online verspillt.

auto_stories

1 min

Matmaache kënne jonk EU-Biergerinnen a Bierger, déi tëschent dem 1. Juli 2005 an dem 30. Juni 2006 gebuer sinn. Si mussen online ee Quiz mat fënnef Froen iwwer d’EU an eng Zousazfro beäntweren. Detailer ginn et op der Websäit youth.europa.eu.

D‘Initiativ ass 2018 lancéiert ginn a geet op d‘Iddi vun Aktivisten zeréck, all EU-Bierger fir den 18. Gebuertsdag een Interrail-Ticket ze schenken, fir e mam Kontinent Europa vertraut ze maachen. Der EU-Kommissioun no hu sech zanterhier iwwer eng Millioun Mënsche fir am Ganzen 284 000 verfügbar Tickete gemellt.