Weder d‘Geschäftsleedung vum Bram, nach de Breuninger-Grupp, zu deem de Bram gehéiert, haten d‘Spekulatioune bis elo confirméiert oder dementéiert.
Wéi et heescht wiere Galeries Lafayette an de spuenesche Ris El Corte Inglés um Kaf intresséiert. Den Direkter vum Bartrenger Akafszenter seet am Interview och, datt sech hei zu Lëtzebuerg näischt wäert änneren.