Mat verschiddenen digitale Konzepter a mat Kënschtlecher Intelligenz soll a Gemengen zum Beispill den Trafic, de Waasserverbrauch, an d‘Offallgestioun besser organiséiert ginn. Am ganze goufe bei dëser Initiativ 15 Projeten eragereecht.
Méi effizient Ressourcen notzen
Mat vernetzte Systemer wéi zum Beispill intelligente Luuchten, déi de Verkéier besser steiere kënnen, oder der digitaler Gestioun vum Waasser a vum Stroum, sollen op där enger Säit Ressourcë méi effizient an ëmweltschounend kënne genotzt ginn, an op där anerer Säit soll op déi Manéier och d’Liewensqualitéit vun de Bierger:inne verbessert ginn. Esou erklären den Ëmwelt- an den Energieminister d’Zil vun dësem Appel à projets.
Vun de 5 Projeten déi an dëser éischter Phas zeréckbehale goufen, kommen der dann dräi aus dem Beräich vun der Mobilitéit, een aus dem Domaine vun de Ressourcen an een aus dem Domaine vun der Energie, wéi den DP-Ekonomiesminister Lex Delles, erkläert. Ee konkrete Projet wier ee System fir de Parking zu Esch um Gaalgebierg méi intelligent ze steieren.
"Wou mat Kamerae gekuckt gëtt hei, wann de Parking voll ass, da gëtt automatesch en Alarm lassgeléist, dass eng Navette ka fueren."
Maximal 500.000 Euro pro Projet
An Zesummenaarbecht mam Gemengesyndikat Syvicol goufen d’Gemengen dann och encouragéiert sech fir hir Projeten zesummenzedoen. Eng Gemeng déi eleng ee Projet eragereecht huet kann ee Subside vu bis zu 50 Prozent kréien. Wann zwou Gemengen zesummeschaffen, läit deen Taux bei bis zu 60 Prozent.
Bei enger Zesummenaarbecht vun dräi oder méi Gemenge leet de Staat bis zu 80 Prozent bäi. Dat alles bei engem Maximum vu 500.000 Euro pro Projet. Finanzéiert gëtt den Appel à projets iwwer de Klima-Energie-Fong, sou den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes.
"Do ass eng Enveloppe vu 5 Milliounen Euro disponibel. Et gëtt eng Co-Finanzéierung. Dat heescht all déi Projeten, déi zréckbehale ginn, déi ginn dann an de Kommitee vun dem Klima-Energie-Fong, deen deen och nach eng Kéier dann analyséiert.“
Weideren Appel à projets bis 15. Mäerz
Iwwer eng Konventioun gëtt da festgehalen, zu wéi vill Prozent de Projet finanzéiert gëtt.
Véier weider agereechte Projete goufen dann nach un den Ëmweltfong an un de Waasserfong weidergeleet.
Haut, um Dënschdeg soll dann déi zweet Phas vun dësem Appel à projets ufänken. Bis de 15. Mäerz kënne weider Projeten eragereecht ginn. Vu Juni gëtt et dann een Delai vun zwee Joer fir d’Projeten ëmzesetzen.