Radioen

On air

Vue sur mer  |  Foster The People - See You In The Afterlife

play_arrow Live
search

/ Digital Kompetenze vu Lëtzebuerger Schüler:innen hu sech däitlech verbessert

Educatioun

Digital Kompetenze vu Lëtzebuerger Schüler:innen hu sech däitlech verbessert

Lëtzebuerger Schüler:innen hu sech an hiren digitale Kompetenzen am Verglach zum Joer 2018 däitlech verbessert. Dëst geet aus dem ICILS - engem internationale Wëssenstest ervir – deen am Joer 2023 a 40 Lycéeën hei am Land duerchgefouert gouf.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

Klassesall | © Bigstock play_arrow

De Bildungsminister Claude Meisch huet d’ Resultater um Dënschdeg virun der Press presentéiert. D’Schüler:inne sinn an zwee digitale Kompetenzberäicher getest ginn. Am éischten Deel goufen d’Computer- an informatiounsbezunne Kompetenze getest. Do huet Lëtzebuerg et op déi 17. vu 35 Plaze gepackt a läit domat iwwert dem ICILS Duerchschnëtt. Am informateschen Denke läit Lëtzebuerg nach ënnert dem internationalen Duerchschnëttswäert.

Am Joer 2018 waren d’ Lëtzebuerger Schüler:innen nach op déi lescht respektiv zweetlescht Plaz komm. De Bildungsminister féiert dësen Erfolleg ënnert anerem op d’Aféierung vun digitale Kompetenz -Fächer am Cycle Fondamental an am Secondaire zréck.

Ausso lauschteren

Et wier awer nach Loft no uewen sou de Claude Meisch. Demo géif och un engem néie Léierplang fir d’Grondschoul geschafft ginn an dem digital Kompetenz an informatesch Denken nach besser verankert wären.