arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Digital Inklusioun: KI-Tool soll administrativ Texter méi verständlech maachen

Digitaliséierung

|
headphones

1 min

Digital Inklusioun: KI-Tool soll administrativ Texter méi verständlech maachen

D'Digitalisatiounsministesch Stéphanie Obertin huet um Mëttwochmëtteg den neien nationalen Aktiounsplang fir digital Inklusioun presentéiert. Eng Mesure ass e KI-ënnerstëtzten Tool fir administrativ Texter an einfach Sprooch ze verwandelen.

headphones

1 min

Den AccessiLingua ass e KI-ënnerstëtzten Tool, deen aktuell an der Testphas ass. E soll op franséisch an Däitsch kënnen administrativ Texter a méi einfach liesbar Sprooch ëmwandelen. Dee soll Staatsagenten am Kommunikatiounsberäich, esou wéi Associatiounen zur Verfügung gestallt ginn, déi mat Leit schaffen, déi sech mat esou Texter schwéier dinn.

Mobille Guichet op Rieder

Zu engem spéideren Zäitpunkt soll dat och op Lëtzebuergesch méiglech ginn. Do wier ee mam ZLS am Austausch, esou d’Stéphanie Obertin. De Mandat numérique, also d’Méiglechkeet eng vertraut Persoun digital Démarchen op myguichet ausféieren ze loossen, soll nach virum Summer aktiv ginn.

Iwwerdeems wëll een e mobille Guichet aféieren, souzesoen op Rieder, fir datt d’Leit sech net ëmmer an d’Stad deplacéiere mussen.

"Do kënnen d'Leit sech hëllefe loossen, fir Démarchen ze maachen. (...) Entweeder iwwert den digitale Wee. Awer och Zougang ze kréien zu Computer an Imprimanten an all de Proposen, déi de Guichet hei an der Stad huet.”

Dee Projet soll Mëtt bis Enn des Joers lafen, esou nach d’DP-Digitaliséierungsministesch.