arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Diddelenger Gemengerot diskutéiert eng Photovoltaikanlag an e Plan canicule

Lokales

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Diddelenger Gemengerot diskutéiert eng Photovoltaikanlag an e Plan canicule

Analog zum Pilotprojet Solar.Esch wëllen déi gréng zu Diddeleng, datt och an hirer Gemeng amovibel Photovoltaikpanneauen op Balconen installéiert ginn. Gläichzäiteg war e méigleche Plan canicule Theema zu Déifferdeng.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Archivfoto | © Eric Ewald
Archivfoto (Foto: Eric Ewald )

An der leschter Gemengerotssëtzung virun der Summervakanz hu si de Schäfferot de Moien an enger Motioun ënner anerem dozou opgefuerdert, d’Faisabilitéit vun esou engem Projet ze préiwen.

Esch als Beispill

Déi gréng Conseillère Semiray Ahmedova huet op d’Beispill vun der Minettmetropol verwisen.

"Zu Esch ass et och sou, dass d’Gemeng mat enger zertifizéierter Firma zesummeschafft, déi fir d’Installatioun zoustänneg ass. Dat suergt natierlech fir eng konsequent Qualitéit vun der Aarbecht a garantéiert och d’Sécherheet vun der Aarbecht."

Den zoustännegen LSAP-Schäffe René Manderscheid huet fonnt, datt een dee Sujet an der leschter Ëmweltkommissioun vun der Gemeng hätt kënnen diskutéieren, an an der nächster sollt thematiséieren. Dofir sollten déi Gréng hir Motioun zeréckzéien. Am anere Fall wier se zeréckzeweisen. Wat dann och, well déi gréng hir Motioun oprecht erhalen hunn, mat de Stëmme vun der LSAP geschitt ass.

Op den nationale Plan canicule gëtt verwisen

D’DP an déi gréng wollten da wëssen, virum Hannergrond vun der Afenhëtzt vun Ufank Juli, ob Diddeleng e Plan canicule hätt an ob d’Schoulen net méi fréi hätte kënne fräi kréien. Den 2. Juli goufe jo iwwer 35 Grad gemooss. Fir déi zoustänneg LSAP-Schäffe Josiane Di Bartolomeo-Ries gëtt et wuel e Plan canicule, mee en nationalen, dee Richtlinne virgëtt. D’Instruktioune vun der Gemeng wieren och kloer gewiescht, am Géigesaz zu deene vum Educatiounsministère.

"Ech fannen et ganz schued, datt hei Decisiounen op deem doten Niveau de Gemengen iwwerlooss ginn an op engem Buergermeeschter senge Schëlleren oder op engem Schäffe senge landen."

Vill Gemengen a Schoulen hätten net gewosst, wat se maache sollten, well de Ministère trotz rouder Warnung keng national Dispens ginn hätt. De Precoce hätt ee fréi fräigestallt, huet d’Josiane Di Bartolomeo-Ries betount, well deen net schoulflichteg ass. No der rouder Alerte hätt een dunn d’Decisioun geholl, fir am Fondamental méi fréi fräi ze ginn.

 

play_arrow Lauschteren