arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dës Woch ass Rentrée

Educatioun

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Dës Woch ass Rentrée

Dës Woch ass d‘Schoulrentrée. Haut, Méindeg geet et lass mat de Grondschoulen. An de nächsten Deen sinn déi aner un der Rei. D‘Zuel vu Schülerinnen a Schüler zu Lëtzebuerg ass och dëst Joer weider geklommen.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Vum 15.09 un ass Rentrée an der Schoul | © picture alliance / dpa | Matthias Balk
(Foto: picture alliance / dpa | Matthias Balk)

Am Ganze sinn et eppes méi wéi 118.000 Kanner a Jugendlecher, déi vun haut un entweder fir d‘éischt, oder zeréck, an d‘Schoul ginn. An de Grondschoule sinn et der ronn 63.400, an am Secondaire ronn 54.600.

Majoritéit an ëffentleche Schoulen

Dës Zuele vum Educatiounsministère sinn eng Estimatioun. A si sinn an de leschte sechs Joer all Joer weider geklommen. Esou ginn haut zu Lëtzebuerg bal 12.700 Schüler a Schülerinne méi an d‘Schoul, wéi nach viru sechs Joer bei der Rentrée 2019/20.

Bei Wäitem déi meescht vun hinne ginn an ëffentlech Schoulen – ronn 57.800 ginn an eng ëffentlech Grondschoul, a ronn 44.130 an en ëffentleche Lycée. Mee d‘Zuel vu Schüler a Schülerinnen an de private Schoule klëmmt och weider. Am Fondamental sinn dëst Joer ronn 5.600, an am Secondaire bal 10.500 Schüler a Schülerinnen an enger privater Schoul ageschriwwen.

Méi Frae wéi Männer Deel vum Léierpersonal

Wat d‘Léierpersonal ugeet, esou sinn et am Fondamental ronn 5.600 Enseignanteën an Enseignanten, plus 800 Chargéen. Bei wäitem déi meescht vun hinne si Fraen. Si maache ronn 81 Prozent vu Léierpersonal an de Grondschoulen aus. Am Secondaire sinn am Ganze 6.011 Enseignanteën a Enseignanten disponibel, och do sinn d‘Fraen an der Majoritéit, allerdéngs just nach mat 55,6 Prozent.

Wat de Statut vum Léierpersonal ugeet, esou maachen am Secondaire d‘Fonctionnairë gutt zwee Drëttel vum Léierpersonal aus. Am Fondamental ass et méi, mat 86,5 Prozent vun den Enseignanten, déi Fonctionnaire sinn. 

Zousätzlech zu de Schoulen huet den Educatiounsministère och nach Zuelen iwwert déi konventionéiert a net-konventionéiert Accueils- an Educatiouns-Strukture publizéiert. Also Maison-relaisen, Dagesfoyeren, Crèchen a Garderien. Do waren, op den 31. Dezember zejoert, am Ganze ronn 71.350 Plazen disponibel.

play_arrow Lauschteren