Zënter August zejoert besteet een Austausch tëscht béide Länner um Niveau vun de Formatiounen, dorënner Schéissübungen oder Training an de Bierger ënner schwierege Wiederkonditiounen. Dofir wier iwweregens kee weidere Budget virgesinn, sou d’Deputéiert no der Sëtzung, well d’Deplacementer tëscht der Schwäiz a Lëtzebuerg schonn am Budget pluriannuel virgesi wieren.
Nieft der Schwäiz huet Lëtzebuerg och mat der Belsch esou een bilateraalt militärescht Ofkommes.