arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Deputéiert froe sech ob USA an Israel internationaalt Recht agehalen hunn

Noen Osten

|
headphones

3 min

Deputéiert froe sech ob USA an Israel internationaalt Recht agehalen hunn

De Grand-Duché ënnerstëtzt d’Fuerderung vun enger Rei EU-Memberlänner fir eng Waffepaus vun 48 Stonnen am Konflikt ëm den Iran ze fuerderen. An der Chamber gouf et no der Regierungsdeklaratioun vum Premier eng Debatt iwwert de Krich am Iran.

headphones

3 min

© EPA/ABEDIN TAHERKENAREH
(Foto: EPA/ABEDIN TAHERKENAREH)

An der Chamber gouf et no der Regierungsdeklaratioun eng Debatt iwwert den neie Konflikt ëm den Iran. Een zentraalt Thema war ob d’USA an Israel dat internationaalt Recht respektéiert hunn.

Fragil Hoffnung fir d'iranescht Vollek

Dee Konflikt ëm den Iran a ronderëm géif eng Rei vu Froen opwerfen, notamment am internationale Recht, huet de Premier a senger Deklaratioun an der Chamber ënnerstrach. De Luc Frieden huet zur weiderer Entwécklung am Iran d'Hoffnung op eng Verännerung ausgedréckt.

"Mir ënnerstëtzen hiert Recht op Selbstbestëmmung, op Fräiheet an op fundamental Rechter. Dat ass och internationaalt Recht. An dat heite kann ee Moment vun Hoffnung fir dat iranescht Vollek sinn, och wa se fragil bleift."

Gouf géint internationaalt Recht verstouss?

Skeptesch iwwert de Regimmwiessel war den DP -Deputéierte Gusty Graas. Et géif nämlech keng organiséiert Oppositioun am Land bestoen, gëtt hien ze bedenken.

"An de Krich aus dem leschte Juni vun Israel an Amerika géint den Iran huet jo am Fong geholl bewisen, datt sech näischt geännert huet."

A senger Deklaratioun hätt de Luc Frieden net kloer gesot, datt d'USA an Israel géint dat internationaalt Recht verstouss hätten, bedauert déi gréng Deputéiert Sam Tanson. Do hätt den DP-Ausseminister Xavier Bettel an der aussepolitescher Chamberkommissioun méi kloer Wieder fonnt.

"An en huet u sech kloer gesot, dass mer hei net an enger Situatioun sinn, wou mer am Respekt vun där Charta sinn."

Den LSAP -Deputéierte Yves Cruchten huet iwwerdeems op d'Wichtegkeet vum Respekt vum internationale Recht gepocht, eppes wat fir Europa esou wichteg wier.

Deputéiert stëmme fir Motioun fir Deeskalatioun an der Regioun

Et wier mënschlech, sech ze wënschen, datt dat iranescht Vollek fräi lieft, ouni Angscht, Repressioun a reliéisen oder politeschen Zwang. Hie freet sech awer, ob ee Fräiheet "eleng mat Rakéite brénge kann"

"Oder riskéiere mir net, datt ënner dem Virwand vu villäicht enger gerechter Saach nach eng Kéier dat internationaalt Recht ausgehillegt gëtt?"

Den ADR -Deputéierte Freed Keup huet sech iwwerdeems gefrot, ob een iwwerhaapt vun engem Broch vum Vëlkerrecht schwätze kéint.

"Ass dat elo eemoleg? Si mer elo an enger Welt, déi op eemol vill méi onstabil ass wéi se vläicht war? Sécher net."

An enger Motioun huet d'Chamber mat enger breeder Majoritéit d'Regierung dozou opgefuerdert, sech fir eng Deeskalatioun an der Kriseregioun anzesetzen, an datt et an der EU eng gemeinsam Positioun gëtt zum internationale Recht an dem État de droit.