arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Depensë fir Streaming, Liwwerungen oder E-Auto: Den Index-Wuerekuerf gëtt ugepasst

STATEC

|
headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Depensë fir Streaming, Liwwerungen oder E-Auto: Den Index-Wuerekuerf gëtt ugepasst

D’Servicer a Gidder, déi de Lëtzebuerger Präis-Index bestëmmen, ginn nei zesummegesat. Dat huet awer kee gréisseren Impakt op d’Erfale vun der nächster Indextranche. Dat deelt de Statec mat. De sougenannten Index-Wuerekuerf, gëtt dem Statec no un déi nei Gewunnechte vun de Menagen ugepasst.

headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Inflatioun | © Adobe Stock / gopixa
Inflatioun (Foto: Adobe Stock / gopixa)

Dee Wuerekuerf, mat deem de Präisindex berechent gëtt soll moderniséiert ginn an un déi nei Gewunnechte vun de Menagen ugepasst ginn. An Zukunft kommen dofir Depense fir Soins à domicile dobäi, dann awer och fir Glécksspiller, Fraise fir Liwwerungen, Streaming-Servicer an och d‘Recharge fir Elektroautoen.

Et géif eng nei europäesch harmoniséiert Approche gi fir dës nei Kategorien, erkläert de Marc Ferring vum Statec.

Keen Impakt op nächst Erfale vun der Indextranche

Deemno missten d‘Glécksspiller scho méi laang Deel vum Wuerekuerf sinn. Op europäeschen Niveau gouf et awer keng richteg Method, fir déi ze berechnen, an dofir mat eranzehuelen.

"An elo huet Eurostat, den Europäesch Statistik Institut, eng Method entwéckelt, déi dann elo vun alleguerte Länner adoptéiert gëtt an och eeben dann déi fir Lëtzebuerg."

Dës nei Struktur vum Index-Wuerekuerf ännert awer näischt un der Berechnung vun der Inflatioun, sou nach de Marc Ferring vum Statec. Dëst hätt deemno och keen Impakt op den Declenchement vun der nächster Indextranche, déi jo am zweeten Trimester dëst Joer erfale soll.

play_arrow Lauschteren