Virop huet d’Katharina Warta, déi d’Resultater virgestallt huet, ervirgehuewen, datt d’Uni.lu a just 20 Joer eng erfollegräich Universitéit gi wier.
Hir Departementer hätten an de Joren 2018 bis 2023 eng exzellent Aarbecht geleescht an hir interdisziplinär Zentere sech un d’international Spëtzt gesat. Ee Beispill ass den LCSB, de "Luxembourg Centre for Systems Biomedicine", dat "hervorragende Forschungsqualität in den Bereichen neurogenerative, degenerative und seltene Krankheiten sowie Systemökologie hat."
Dat, wat erreecht ginn ass, an Zukunft festegen
Dësen Zentrum wier domat un der internationaler Sëtzt an dësem Beräich ugesidelt wat an där relativ kuerzer Zäit , an där d'Uni besteet, keng Selbstverständlechkeet wier, esou d'Katherina Warta.
"Es ist auch bewusst, dass diese Felder vergleichsweise kostenintensiv sind und Folgefinanzierungen nach sich ziehen. Es gibt einen besonders hohen gesellschaftlichen Outreach und Impact. Es gibt auch Überlegungen - das betrifft natürlich die Gesamtuni -, eines Departments für medizinische Chemie und eines Universitätsspitals für Neurologie."
D'Experten hunn der Uni an dem Ministère awer och Recommandatioune fir déi nächst Jore mat op de Wee ginn, déi ënner anerem d'Festegung vun all deem ,wat erreecht ginn ass, zum Zil hunn.