Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den Donald Trump huet mam Wladimir Putin telefonéiert, Kreml dementéiert

Washington Post mellt

Den Donald Trump huet mam Wladimir Putin telefonéiert, Kreml dementéiert

Den designéierten US-President Donald Trump hat schonn en Donneschdeg mam russesche Staatschef Wladimir Putin telefonéiert. Dobäi soll hien dem Kremlchef recommandéiert hunn, eng Eskalatioun am Ugrëffskrich géint d'Ukrain ze evitéieren.

auto_stories

1 min

Dat huet d'Washington Post gemellt, déi sech op informéiert Persoune berifft. De Kreml dementéiert, datt de russesche President Wladimir Putin mam Donald Trump telefonéiert hätt. Den Donald Trump selwer huet dozou nach keng Detailer bekannt ginn.

Hie soll och op d'Presenz vum US-Militär verwisen hunn. Dobäi soll et ëm d'Zil gaange sinn, Fridden an Europa ze erreechen. Iwwerdeems soll d'Ukrain iwwer dëst Gespréich informéiert gi sinn a keng weider Awänn gehat hunn, heescht et nach an der Washington Post.