Um Programm stoung de Moien eng Visitt vum Universitéitsgebai an eng Diskussiounsronn iwwer sougenannte Fake News. An engem Statement virun der Press huet de Grand-Duc Henri vun engem wichtege Sommet an exzellente Relatiounen tëschent den däitschsproochege Länner geschwat. Éisträich war iwwerdeems um Sommet net vertrueden – wéinst den Nationalwalen nächst Woch e Sonndeg.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Den 20. informelle Sommet vun den däitschsproochege Staatscheffen zu Lëtzebuerg
Belval
Den 20. informelle Sommet vun den däitschsproochege Staatscheffen zu Lëtzebuerg
Dëst Joer gëtt den informelle Sommet vun den däitschsproochege Staatscheffen zu Lëtzebuerg, um Belval, ofgehalen. Haut ass den zweeten Dag. Op Invitatioun vum Grand-Duc Henri sinn do d'Staatscheffe vun Däitschland, Liechtenstein, der Schwäiz a vun der Belsch zesummekomm.
auto_stories
1 min
Foto: Nadine Faber