Radioen

On air

Notturno  |  Earth Flower - Nature's Piano

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den däitsche Bundespresident huet dat ëmstriddent Klimaschutzgesetz ënnerschriwwen

Politik

Den däitsche Bundespresident huet dat ëmstriddent Klimaschutzgesetz ënnerschriwwen

Deemno gëtt an Däitschland vun elo un déi ganz Bundesregierung an net méi déi eenzel Ministèren zur Recheschaft gezunn, wat d‘Anhale vun de Klimaziler ugeet.

auto_stories

1 min

Dovu profitéiert virun allem den däitsche Mobilitéitsminister Volker Wissing, well de Verkéierssecteur seng Klimaziler bis elo ni erreecht huet.

Déi däitsch Regierung muss sech iwwerdeems haut nees wéinst hirer Kilma- an Ëmweltpolitik viru Geriicht veräntwerten. Déi däitsch Umwelthilfe huet geklot, well europäesch Reegele fir propper Loft net agehale gi wieren. Déi staatlech Mesurë géifen net duergoen, fir all Ziler bis 2030 z‘erreechen.