Den Ouschterweekend gëllt als éischte Barometer fir d’Tourismus-Saison. D’Zuelen zu dësem géif een awer nach net hunn. Trotzdeem ass de Sebastian Reddeker positiv gestëmmt, wann et ëm den Zoustand vum Tourismus hei zu Lëtzebuerg geet.
"Mir hate schonn 2023 de Viru-Corona-Niveau erreecht. Dat heescht, mir erwaarden eis och fir dëst Joer e Plus vu 4 bis 5 Prozent."
Déi Hausse géif sech duerch eng Panoplie u Grënn erklären. Beispillsweis wier vill an d’Wanderinfrastruktur investéiert ginn. Et wier een europawäit op engem gudden Niveau, seet de Sebastian Reddeker.
Och hätt ee vill Promotioun gemaach am Ëmkrees vun 300 Kilometer. Virun allem däitsch Touriste géife sech interesséiert weise fir zu Lëtzebuerg Vakanz ze maachen. Dat hätt een an der Corona-Zäit matkritt, wou däitsch Touristen an der Reegel méi laang zu Lëtzebuerg ënnerwee waren, wéi dat nach de Fall virun der Pandemie war.
D’Stad Lëtzebuerg ass nach ëmmer den Touristen-Hotspot
Iwwert 60 Prozent vun den Touriste ginn an d’Stad. D’Grënn heivir gesäit de Generaldirekter bei der gréisserer Hotels- a Mobilitéitsoffer. Déi aner Regioune vum Grand-Duché géifen éischter bei enger zweeter Visitt vum Land besicht ginn.
"Ech mengen, do hu mir mat de 5 Regiounen eng extrem divers Offer, an dat gëtt vun de Leit appreciéiert."
Weider Highlights vun dësem Joer wieren d’Luga (Luxembourg Urban Garden) an der Stad an zu Ettelbréck, an d’Schengen-Jubiläum, dat 40 Joer feiere wäert. Och den Trounwiessel wäert eng Roll spillen, denkt de Sebastian Reddeker, mee hei géif ee keng speziell Promotioun plangen, well dat Evenement dat net bräicht.
Lëtzebuerger Campinger sinn nach ëmmer staark gefrot
D’Leit, déi op Lëtzebuerg op Besuch kommen, tendéieren och éischter dozou, dee kuerzfristeg ze buchen. Holland wier statistesch gesi ganz vir bei, wat d’Vakanz zu Lëtzebuerg ugeet. Dat géif sech virun allem duerch déi vill Campingsplazen hei am Land erklären. D’Campingsoffer wier mat de Joer och gewuess a méi attraktiv ginn, erkläert de Generaldirekter vu Luxembourg for Tourism. Et géif vill an dee Secteur investéiert ginn, zum Beispill an d’Infrastruktur.
Den Tourismus- a Wirtschaftsminister Lex Delles promovéiert am Moment d'Iddi, d’Ëffnungszäite vun de Geschäfter ze liberaliséieren. D’Zil ass et, fir fir méi Akafsméiglechkeeten ze suergen. De Sebastian Reddeker seet dozou, datt d’Touristen Tendenz hu shoppen ze goen, wa si am Land Vakanz maachen. Hie géif awer net mengen, datt nei Ëffnungszäiten een immens wichtege Punkt wiere fir den Tourismus.
Text: Kim Winkel