Radioen

On air

Notturno  |  Midnight Star - Midas Touch

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den Tim Walz huet Lëtzebuerger Virfaren

Kandidat fir US-Vize-President

Den Tim Walz huet Lëtzebuerger Virfaren

Zanter en Dënschdeg ass gewosst, datt den Tim Walz de Kandidat vun der demokratescher Presidentschaftskandidatin Kamala Harris fir de Poste vum US-Vize-President ass. Zanter haut ass bekannt, datt de Gouverneur vum US-Bundesstaat Minnesota lëtzebuergesch Originnen huet.

auto_stories

2 min

Tim Walz | © picture alliance / Consolidated News Photos | Saquan Stimpson - CNP
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Saquan Stimpson - CNP

Am Joer 1860 hu sech zu Simmer den Nicolas Reiser vu Kielen an d'Susanne Pütz vu Simmer bestuet. Kuerz drop wandere si an d'USA aus, wou vun 1862 un hir 12 Kanner op d'Welt kommen.

Ee Kand ass den John Francis Reiser, 1866 am Stat Nebraska gebuer. Dee kritt 1902 eng Duechter, d'Helen Mary Reiser: Si ass d'Bom, vun der Mamm hirer Säit, vum Tim Walz, dem Kandidat vun den US-Demokrate fir de Poste vum Vizepresident, nieft der Kamala Harris. Den Tim Walz huet deemno, iwwer seng Ur-Urgrousselteren, lëtzebuergesch Originnen.

Famill vun der Groussmamm kloer eng Lëtzebuerger Famill

Dës Informatioun kënnt aus dem gréisste genealogesche Provider vun der Welt, betount de Georges Eicher um Donneschdegmëtteg virop. Dem President vu luxroots.org no huet d'Famill Reiser relativ laang zu Kielen gelieft. Si kënnt u sech awer vun Näerden. D'Famill Pütz dann huet zu Simmer gewunnt an ass vu Foulscht a vun Nojem. Mat Hëllef vun ancestry.com wier kloer, datt et lëtzebuergesch Originne vum Tim Walz gëtt.

"Seng Famill, déi Reiser-Famill, also wou seng Groussmamm 1902 zu La Motte gebuer ass, dat ass ganz kloer eng Lëtzebuerger Famill."

D'Walz-Famill kënnt iwwerdeems aus Baden-Württemberg, bei Rastatt, an och si ass relativ fréi an Amerika ausgewandert. D'Bom vum Tim Walz war bestuet mat engem Reimann, deen och aus Däitschland ausgewandert war.

Tim Walz net deen eenzege mat Lëtzebuerger Originnen

Bei Recherchen iwwer 10 Generatiounen an den USA kéim ee séier an Europa oder am Rescht vun der Welt un, erkläert de Georges Eicher. De fréiere President vum US-Parlament Dennis Hastert war och an deem Fall. 

Woubäi dee manner gutt am Grand-Duché ugesi war, wéi hien ënner anerem bis sexuelle Mëssbrauch u Jugendlechen zouginn hat.

Fir de President vu luxroots.org léiert ee bei deene Recherchen all Dag vill interessant Leit kennen. Och vill héichgestallte Perséinlechkeeten an den USA, déi Lëtzebuerger Originnen hunn.

 “Et gëtt souguer een, dee gehéiert zu deene räichste Leit vun der Welt, deem seng Groussmamm hei vu Lëtzebuerg ass."

Deemno stéisst een net nëmmen, wéi elo am Fall vum Tim Walz, op Politiker, déi an Amerika eng Karriär maachen.

Lauschterenplay_arrow