Seng SPD wier d’Partei vun de normale Leit. Dat ass den Olaf Scholz net midd ginn ze betounen um Sonderparteidag zu Berlin. Déi normal Leit, dat wieren déi, déi d’Land wierklech géifen um Lafen halen, an déi Leit bräichten eng staark Stëmm.
Datt d’SPD am Moment an de Sondagë keng wierklech staark Stëmm, mee dem rezentsten ZDF-Politbarometer no just déi 4. stäerkste Kraaft ass, ass dem Olaf Scholz bewosst. Méiglecherweis war hien a senger Ried dowéinst souguer selbstkritesch. Ganz anescht wéi een et soss vun him kennt. Hien sot: Hien hätt vläicht méi fréi och ëffentlech kennen op den Dësch schloen.
Kritik un der Unioun
D’SPD geet mam Motto “Mehr für dich, Besser für Deutschland” an d’Neiwalen den 23. Februar. Dofir versprécht d’Partei e Mindestloun vu 15 Euro d’Stonn, Steiererliichterunge fir 95 Prozent vun de Salariéen, a weidere Support un d’Ukrain, ouni selwer zur Krichspartei ze ginn.
Gläichzäiteg huet den Olaf Scholz virun allem den Oppositiounschef Friedrich Merz attackéiert. D’Unioun hätt keng schlësseg Konzepter géint de Fachkräftemangel oder fir eng propper, nohalteg Energie fir d’Zukunft, a géif Politik fir Millionäre maachen.
Der SPD stinn e puer haart Walkampfwoche bevir, wa se – mol nees eng Kéier – een historesch schlecht Walresultat wëlle verhënneren.