Radioen

On air

Notturno  |  Darcy James Argue's Secret Society - Dymaxion

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den Olaf Scholz ass bereet, d'Vertrauensfro nach an dësem Joer ze stellen

Nom Auserneefale vun der Regierung

Den Olaf Scholz ass bereet, d'Vertrauensfro nach an dësem Joer ze stellen

Dat sot den däitsche Bundeskanzler de Sonndeg Owend an der ARD. Och hie wéilt, datt et séier géif zu Neiwale kommen. Den Olaf Scholz reagéiert domat op den Drock vun der Oppositioun, mee och vu sengem Regierungspartner.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Olaf Scholz | © picture alliance/dpa | Carsten Koall play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Carsten Koall

Den ursprüngleche Plang vum Olaf Scholz d'Vertrauensfro eréischt de 15. Januar ze stellen, wier "keng gutt Iddi". Dat sot de Gréngen-Deputéierten a fréiere Fraktiounschef Anton Hofreiter de Sonndeg der BILD-Zeitung - an hat domat den Drock op den Olaf Scholz nach eng Kéier erhéicht.

Scholz: SPD an Unioun misste sech eenegen

An engem ausféierlechen Interview an der ARD huet de Bundeskanzler dunn de Sonndeg den Owend gesot, hie wier oppen dofir, d'Vertrauensfro och scho méi fréi ze stellen - och scho viru Chrëschtdag. Wa sech d'Bundestagsfraktioune vun SPD an Unioun géifen op een Datum fir d'Neiwalen eenegen, da géif hie sech un deem Zäitplang orientéieren.

Den Olaf Scholz huet awer nach eemol betount, datt misst séchergestallt ginn, datt all déi néideg Prozedure kéinten duerchgeféiert ginn a sech net géif widderhuelen, wat bei der leschter Bundestagswal zu Berlin geschitt war. 2021 huet d'Wal an der däitscher Haaptstad deelweis misse widderholl ginn. A verschiddene Walbüroe ware falsch Stëmmziedele verdeelt ginn, anerer hu schonn zougemaach, obwuel nach Leit ustoungen, fir ze wielen.

Kritik un Aussoe vun der Bundeswahlleiterin

Wéini den Olaf Scholz d'Vertrauensfro géif stellen, ass an de leschten Deeg an Däitschland vill diskutéiert ginn. Nieft dem Kanzler war an där Fro och déi däitsch Bundeswahlleiterin Ruth Brand hefteg an d'Kritik geroden. Si an hir Ekipp si fir d'Koordinatioun vun der Neiwal zoustänneg - a si hat Enn lescht Woch an engem Schreiwes deklaréiert, datt d'Hürde fir séier Neiwalen net ze stemme wieren - an dobäi ënner anerem den Opwand fir d'Gemengen an de Präis vum Pabeier genannt.

D'Oppositioun reprochéiert der Bundeswahlleiterin si géif sech vum Bundeskanzler instrumentaliséiere loossen. Hiert Schreiwes stëtzt den Zäitplang vum Olaf Scholz. D'Ruth Brand soll sech elo dës Woch an der Innepolitescher Kommissioun vum Bundestag erklären, an och d'Regierungsparteien SPD a B90/Die Grünen sichen d'Gespréich.

Lauschterenplay_arrow