D’Haaptmann’s Schlass steet zu Berbuerg, um Land also. Et ass richteg idyllesch. D’Sonn steet héich um Himmel, an et héiert een déi typesch Rou, fir déi de Stater heefeg gär op d’Land fiert. Ass hei déi richteg Plaz fir Leit, déi e groussen Deel vun hirem Liewen op der Strooss - meeschtens an enger Stad - verbruecht hunn? De Komplex an deem d’Bewunner am Pilotprojet ënnerbruecht sinn, bis elo sinn et der 11, ass ganz an d’Altersheem integréiert an net vum Recht vum Gebai ze ënnerscheeden. Zil wier et, datt d’Leit komplett an den Alldag am Haaptmann’s Schlass mat agebonne ginn, erkläert den Direkter Yves Morby. Et wier e Projet fir d'Inklusioun, sou d'Visioun vum Grupp Elizabteh. Lauschtert hei den Interview mam Yves Morby.
Ongewinnte Confort
Eng eege Kummer, e Schaf fir d’Kleeder, e richtegt Bett, eng Tëlee, en eegent Buedzëmmer...alles Saachen, déi fir eng Persoun, déi op der Strooss gelieft huet, net selbstverständlech sinn. Och net, datt een op eemol um Land lieft, wou een awer e wéineg ofgeschnidden ass. D’Reaktiounen dorop bei de Bewunner déi fréier ouni feste Wunnsëtz waren, wieren ënnerschiddlech, erkläert d’Responsabel vum Pilotprojet, d’Judith Schultz.
"Mir hu Bewunner déi einfach dovu profitéieren. Zënter dem éischten Dag wou si do sinn, hate si net méi den Drang fir zeréck an d’Stad. Déi huelen och hei um Alldag Deel. Mir hunn natierlech och Bewunner, grad, déi e Passé op der Strooss hunn, an déi och eng Ofhängegkeet hunn, déi ëmmer nach de Wee an d’Stad sichen."
Am Haaptmann’s Schlass steet et all de Bewunner fräi och mol eraus ze goen, woubäi si allerdéngs musse Bescheed soen, wou si sech ophalen, egal ob si fréier ee gereegelt Liewe gefouert hunn, oder Sans-Abri waren. Et wieren och eng Rëtsch Persounen am Projet, déi reegelméisseg mat den ëffentleche Verkéiersmëttel an d’Stad fuere géifen. Hei wier d’Zesummenaarbecht mat deenen Associatioune ganz wichteg, déi si virdru betreit hätten an och mat de Familljen.
"Wou éischter de Kontakt, wou si op der Strooss gelieft hunn, oder bei Housing First net esou bestanen huet, wou awer esou lues a lues mir awer nees kënne Kontakter knüpfen, well d’Famill weess: deen huet en Ennerdaach an do si Leit déi kucken. Do sinn och vill Kanner, vu Bewunner déi Kontakt opgeholl hunn, mëttlerweil kommen och scho Familljen op Besuch, wou jorelaang kee Kontakt bestanen huet."
Eng ganz emotional Erfarung fir déi Concernéiert, betount d’Judith Schultz. E wichtegen Deel also vum Zeréck- oder Ukommen an enger Zort normalem Liewen, no engem méi oder manner laange Liewensofschnëtt, dee seng Spueren hannerlooss huet. Vill vun de Bewunner am Pilotprojet hätte mat psychosoziale Problemer ze kämpfen, erkläert d’Sabrina Grundheber, Verantwortlech fir d’Soinsen am Haaptmann’s Schlass. E wichtegen Deel vun der Aarbecht wier also d'Kommunikatioun. Anescht wéi an engem klasseschen Altersheem, ass hei och Plaz fir Infirmièren an Infirmiere mat enger Spezialisatioun an der Psychiatrie. Well et awer zu Lëtzebuerg schwéier wier, där ze fannen, wier dee Posten am Moment nach net besat, erkläert den Direkter Yves Morby.
Altersduerchschnëtt leit wäit ënnert deem vun engem Altersheem
De fleegereschen Undeel wier éischter kleng. Dat ënnert anerem, well d’Leit gewinnt wieren, sech mat wéinege Mëttel ze debrouilléieren. Awer och, well den Altersduerchschnëtt bei de Bewunner am Pilotprojet mat 55 Joer e ganz aneren ass, wéi beim Rescht vun de Bewunner, do sinn et der 84 . Dee jéngste vun hinnen huet 37 Joer. Mat esou groussen Altersënnerscheeder mussen natierlech vill verschidde Besoinen an Erwaardungen erfëllt ginn. Eng Erausfuerderung fir d’Mataarbechterinnen a Mataarbechter also.
Eng gutt Integratioun géif viraus setzen, datt op alle Säiten Akzeptanz do wier, dat héiert een ëmmer erëm am Haaptmann's Schhlass. Dozou géif eben och gehéieren Ofhängegkeeten z’acceptéieren. Vill vun de Bewunner am Pilotprojet sinn an engem Substitutiounsprogramm, an deem si also Ersatzmedikamenter kréien, fir hir Sucht ze kontrolléieren. Deen een oder anere géif trotzdeem dobausse weiderhi consomméieren. Eenzeg Conditioun wier et, datt um Site vum Altersheem keng Droge geholl ginn, fir de Recht misst een d’Situatioun huele wéi se wier, betount de Yves Morby.
"Mir sinn eigentlech net do fir ze jugéieren ob dat e richtegt Verhalen ass oder net. Mir sinn do fir ze kucken, datt d’Bewunner a Sécherheet sinn a sech hei doheem spieren. Dat ass eise Job a mir hu bis elo nëmmen déi beschten Erfarunge gemaach mat där Approche."
D'Zil vum Projet wier et net, datt d'Leit zu engem spéideren Zäitpunkt iergendwou anescht géifen higoen. Wéi an engem klasseschen Altersheem, ass dëst meeschtens déi leschten Adress fir d'Bewunnerinnen a Bewunner. Et géifen awer och Ausname ginn, déi eventuell spéiderhin zeréck bei d'Famill géife goen.