Radioen

On air

Concert  |  Ee Quintett an zwee Quartetter

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Lëtzebuerger Filmsecteur wëllt sech virun entwéckelen

Kultur

De Lëtzebuerger Filmsecteur wëllt sech virun entwéckelen

D’Studioe vu Filmland zu Kiele ginn et zënter 11 Joer. Deen éischte Film deen am Filmland gedréint gouf war den “Le divin enfant”. Virdru goufe Lëtzebuerger Filmer an Hale gedréint, déi och anerwäerteg genotzt goufen. Mat Filmland gouf no an no ee "one stop shop" geschaf, dee bis haut vill Succès huet – mee wou d‘Technik awer een Update brauch. 

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow
Jêrome Tewes (Foto: Carole Schimmer)

Zwee grouss Studioe mat enger Fläch vun 1.000 Metercarré an enger Héicht vun 20 Meter goufe virun engem gudde Joerzéngt zu Kiele gebaut – deemools eng Zort Revolutioun fir de Lëtzebuerger Filmsecteur.

Et bräicht een nei Technologien

Mee, d’Installatioune vun deemools wiere mëttlerweil vereelzt, seet den Nicolas Steil, Delegéierten Administrateur vu Filmland, Produzent a Realisateur. D‘Technologie evoluéiert séier am Filmsecteur: Déi virtuell Produktioun huet sech staark weiderentwéckelt. Haut bräicht Filmland eng nei Technologie déi et erméiglecht all Dekor digital op Lëtzebuerg ze bréngen. Dat wier mat där sougenannter Stagecraft méiglech erkläert den Nicolas Steil. Dat si riseg LED-Ecranen.    

Déi LED-Screen-Technologie kascht, mee virun Allem misst een zu Lëtzebuerg och de Know-How opbauen. Mat de Spezialisten déi et schonn zu Lëtzebuerg gëtt, kéint ee sech dee Know-How net uneegnen, seet den Nicolas Steil. Dofir misst ee Leit aus dem Ausland komme loossen, fir d'Leit hei unzeleieren. Esou kéint Lëtzebuerg sech eege Spezialisten opbauen.

Eng Fro vun de Suen

Fir deen néidege Budget ze kréien ass Filmland a Kontakt mat den zoustännege Ministèren, déi hiren Interessi driwwer gewisen hunn, elo géif et drëm goen dee Projet vun engem LED-Ecran konkret unzegoen, fir d’Attraktivitéit vum Lëtzebuerger Film-Secteur nees ze stäerken, esou den Nicolas Steil. 

Dee grousse gréngen Ecran wier gëeegent fir dono kënnen de reellen Dekor anzespillen, erkläert de Jérome Tewes Studiomanager. 

Een natierlechen Dekor wier zwar beim Filme vill méi bëlleg, well ee keen Dekor misst opbauen. Allerdéngs géifen et zu Lëtzebuerg nëmmen nach wéineg Plaze ginn, déi authentesch wieren, an déi een am Fall vu Filmer, déi sech an enger anerer Epoch ofspille kéint asetzen, seet den Nicolas Steil. Mee déi wieren hautdesdaags net méi do, well Villes verbaut gouf, betount den Nicolas Steil.

Mat enger neier Technologie kéint Filmland och haut eng Zukunft hunn. Domat kéint een attraktiv bleiwe fir national oder auslännesch Filmproduktiounen.

Lauschtert hei de ganze Reportageplay_arrow

Den Direkter vum Filmfong fuerdert méi Sue fir de Secteur

De Guy Daleiden ass der Meenung, datt Lëtzebuerg, international gesinn, e ganz héichwäertege Filmsecteur hätt. Am 100,7-Interview erkläert den Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong awer och, datt de Secteur schonn zënter Joren en neien Budget géif fuerderen. Dat wier virun allem wichteg, well eng Rei vun Filmschafender mat deem aktuellen Revenuen net iwwer d'Ronne géife kommen. 

Vertrieder aus dem Lëtzebuerger Filmsecteur hate sech leschte Freiden zu Diddeleng versammelt fir iwwert d‘Entwécklung vum Secteur ze schwätzen. Dobäi ass d‘Fro opkomm, wat dann iwwerhaapt e Lëtzebuerger Film wier. De Guy Daleiden erkläert, datt Lëtzebuerg majoritär oder minoritär un engem Film kéint bedeelegt sinn. Mee all Film, dee mat oder vu Lëtzebuerger hiergestallt gi wier, géif och deen Titel kréien. Jiddereen deen un der Produktioun matwierkt, sollt eescht geholl ginn.

Et géif awer drëm goen international Geschichten ze erzielen, och wann et dobäi u Lëtzebuerger Geschichte mol géif mangelen.