Radioen

On air

Philo am Gespréich  |  D’Relioun an hire Géigestand

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéi geféierlech ass d‘Ecranszäit fir d‘Entwécklung vu Kanner?

Psychologie

Wéi geféierlech ass d‘Ecranszäit fir d‘Entwécklung vu Kanner?

Am Kinepolis gouf et e Mëttwoch een aussergewéinleche Publikum: Mat ronn 65 Mammen a Pappen an hire Bëbeeën tëschent 0 a 8 Méint, versicht d'"Baby & Me"-Seance um Kierchbierg, en Equiliber ze fannen tëschent dem Wonsch vun den Elteren no enger "Normalitéit" an de Besoine vun hire Bëbeeën. Eng Initiativ iwwer déi d‘Psychologin Anouck Hinger aus dem nationale Suchtzenter CNAPA éischter erféiert ass.

auto_stories

3 min

headphones

18 min

play_arrow
Anouck Hinger (Foto: Morgane Weidig)

D‘Richtlinn am CNAPA seet: Keen Ecran virun dem drëtte Liewensjoer. D‘Anouck Hinger gesäit wuel, datt et eng flott Initiativ vum Kino wier, fir den Elteren eng gewësse Normalitéit unzebidden. Mee d‘Auswierkunge fir d‘Puppelcher géife bestoe bleiwen, och wann den Toun „ugepasst“ wier. All déi audiovisuell Reizer kéinten d‘Kanner iwwerstimuléieren, seet d‘Psychologin am 100,7-Interview. 

Lauschtert hei de Reportage aus dem Kinepolisplay_arrow

Keen Ecran virun dräi Joer

Dat heescht och kee Fernsee am Hannergrond lafen ze hunn. Oder datt och d‘Elteren op hire Bildschirmkonsum oppassen. Virun allem wier dat a Bindungsmomenter wichteg, wéi zum Beispill beim Nieren oder beim Iessen.

Komplett ouni Ecran, dat wier hautzudaags net méi onbedéngt realistesch, dat weess och d‘Anouck Hinger vum CNAPA. Et wier awer wichteg bewosst op de Konsum opzepassen.

Digitale Kokain?

Besonnesch schlëmm wier de Konsum, wann den Ecran dofir benotzt gëtt d‘Kanner roueg ze stellen, wéi zum Beispill an engem Restaurant. Langweil wier immens wichteg fir e Kand, datt et léiert domat ëmzegoen. Engem Kand direkt en Ecran an de Grapp ze ginn, wann et quengelt, dann hëlt een dem Kand d‘Méiglechkeet ze léieren seng Emotiounen ze regléieren an eng Frustratiounstoleranz opzebauen. Wichteg Fäegkeeten, déi der Persoun dann och am Erwuesseneliewen wäerte feelen. Den Ecran huet also negativ Auswierkungen op déi emotional Entwécklung vum Kand.

Dobäi komme Perturbatioune vun der Vue, ëmmer méi Kanner si kuerzsiichteg, et ginn ëmmer méi Sproochentwécklungsstéierungen an d‘Konzentratiounsfäegkeet hëlt of.

Fir d‘Entwécklung vun de Puppelcher ass et wichteg, datt si d‘Welt mat hire fënnef Sënner kënnen entdecken. Déi musse stimuléiert ginn, fir datt och déi entspriechend Beräicher am Gehier sech kënnen entwéckelen. Dat wier eng fundamental Basis fir de Suchtzenter CNAPA.

Ecran nëmme mat Begleedung

Déi allgemeng Recommandatioun vum CNAPA ass, datt d‘Kanner bis 12 Joer den Ecran nëmmen ënner Begleedung solle benotzen. Wat heescht dat genau? D‘Eltere sollen den Iwwerbléck driwwer hunn, wat d‘Kanner consomméieren a mat wéi engem Contenu d‘Kanner a Kontakt kommen. Wichteg dobäi ass eng Vertrauensbasis, datt d‘Kanner sech den Eltere kënnen uvertrauen, wann si mat „komeschem“ Contenu a Beréierung kommen. 

Eltere sollen sech iwwerdeems hirer Virbildfunktioun bewosst sinn. Kanner léieren nämlech duerch d'Imitéieren. 

Den Interview mat der Anouck Hinger lauschterenplay_arrow