Radioen

On air

Notturno  |  Solange - Don't You Wait

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den Emmanuel Macron annoncéiert Neiwalen a Frankräich

Europawalen 2024

Den Emmanuel Macron annoncéiert Neiwalen a Frankräich

No dësen éischten Trends vun den Europawalen, bei deenen de Rassemblement National als kloren Gewënner ervir geet an d’Regierungsmajoritéit nëmmen nach op 15 Prozent kënnt, kéint een net maachen wéi wann näischt wier, dat sot de Franséischen President elo an enger kuerzer Declaratioun.

auto_stories

1 min

© picture alliance / ROPI | Claessens/EUC

Bäi dat schlecht Resultat kéim "ee Féiwer, wat déi lescht Joren den ëffentlechen Debat beaflosst huet", sou de Macron.

Den Emmanuel Macronplay_arrow

"C’est pourquoi, après avoir procédé aux consultations prévues à l’article douze de notre Constitution, j’ai décidé de vous redonner le choix de notre avenir parlementaire par le vote."

D’Marine Le Pen vum Rassemblement National huet och schonn op d’Annonce vun den Neiwale reagéiert. De Rassemblement National wier prett, d’Muecht auszeüben, wann Fransousen hinnen hiert Vertraue schenken.

Et wier ee prett, d’Land erëm opzeriichten, der grousser Immigratioun een Enn ze setzen an d’Kafkraaft vun de Fransousen zu enger Prioritéit ze maachen, esou d’Marine Pen no der Annonce vum Emmanuel Macron.