Radioen

On air

Notturno  |  Lael Neale - I Am The River

play_arrow Live
search

/ Den Eltereforum: Wat ass dat?

Educatioun

Den Eltereforum: Wat ass dat?

Rezent ass zu Ettelbréck deen 9. Eltereforum am Land ageweit ginn. Geplangt sinn der 15: Een an all Schoulregioun. De Gilles Rod aus dem Ministère fir Educatioun, Jugend a Kandheet erkläert d'Konzept vun de geplangte 15 Ulafstelle fir Elteren, déi uechter d'Land entstoe sollen.

auto_stories

2 min

headphones

11 min

Gilles Rod | © Jo Diseviscourt play_arrow
Gilles Rod (Foto: Jo Diseviscourt)

Den Eltereforum ass an éischter Linn eng Ulafstell fir Elteren. Fir alleguer d’Elteren, betount de Gilles Rod. Ob ee konkret Froen huet oder einfach nëmme fir mat aneren Elteren zesummen ze kommen an sech auszetauschen. 

Fir Eltere vu Kanner an all Alter

Et gi Krabbelgruppen, et ginn Expertinnen a Experten un déi d’Elteren hir Froe riichte kënnen an et gëtt Kaffi, seet de Gilles Rod, fir datt jiddereen sech wuel fille kann.

Am Moment géif d’Majoritéit vun de Leit aus Eltere mat hirem éischte Kand bestoen. Awer och Eltere vu scho méi ale Kanner fannen hire Wee an den Eltereforum, virun allem Workshoppen zou digitaler Sécherheet ware rezent ganz beléift, sou de Gilles Rod.

“Wat eis immens wichteg ass, dat ass den Accueil: Datt d'Elteren do rakommen, do gëtt een net jugéiert. Do kann ee kommen, wéi ee wëllt - mat Froen, mat Ängschte, mat Ureegungen (...).”

Fir intresséiert Eltere wier et wichteg, sech als éischt um Internetsite vum Eltereforum ze informéiere wéi d’Auerzäite wieren. Et wier net genuch Personal do, wier de Forum konstant ze besetzen. 

An der Stad an am Süde soll ausgebaut ginn

Bis ewell fënnt een den Eltereforum an de Gemengen Esch-Uelzecht, Beetebuerg, Hesper, Bartreng, Nidderaanwen, Luerenzweiler, Ettelbréck, Wolz a Maarnech.

De Gilles Rod seet fir den Ament géif aktiv an der Stad an zu Déifferdeng no neie Raimlechkeete gesicht ginn a generell am Süden, am Beräich Reiden an op der Musel fir een nach dënn besidelt.

Et ass eng Plaz fir all d’Elteren. Et géif een ëmmer méi déi Leit areechen, déi esou ee Forum am meeschte brauchen. Mee dat ass eng Entwécklung, déi lues a lues géif goen, sou de Gilles Rod.

Eng Offer vum Staat

Den Eltereforum huet iwwerdeems en enke Kontakt mat zivillen Organisatioune wéi der Eltereschoul, der Erwuessenebildung oder der Initiative Liewensufank.

“Mir sinn net déi Éischt déi dat erfonnt hunn.”

Fir de Gilles Rod ass et awer wichteg, datt et eng staatlech Organisatioun gëtt, déi den Zougang iwwerall fir jidderee méiglech mécht. 

Lauschtert dee ganzen Interviewplay_arrow