arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den Donald Trump verkierzt säin Ultimatum op 10 Deeg

Drock op Russland

|
reading time

1 min

Den Donald Trump verkierzt säin Ultimatum op 10 Deeg

Den Donald Trump gëtt dem Wladimir Putin nach 10 Deeg Zäit de Krich géint d'Ukrain op en Enn ze bréngen. Dat huet hie Journalisten u Bord vun der Air Force One matgedeelt.

reading time

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Bryan Dozier
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Bryan Dozier)

Den US-President huet gëschter um Dënschdegowend am Fliger op der Heemrees aus Schottland viru Journaliste preziséiert: Moskau hätt vun elo un - also gëschter Owend - nach 10 Deeg Zäit. Wann et bis dohi kee Waffestëllstand gëtt, géifen d'USA Sanktioune géint Russland decidéieren. 

Russesch Attacke gi virun

Iwwerdeems mellen déi ukrainesch Autoritéite weider déidlech russesch Attacken. Op d'mannst dräi ukrainesch Zaldote wieren ëm d'Liewe komm bei enger russescher Attack op eng ukrainesch Militärbase, wou Zaldote forméiert ginn, esou déi ukrainesch Arméi.

Russland hätt an der leschter Nuecht sechs ballistesch Rakéiten a méi wéi 1.200 Dronen op Ziler an der Ukrain geschoss.