Dat huet hien de Freideg fir d‘éischt op Truth Social annoncéiert, an dono an engem Interview mam konservative Fernseesender Newsmax conforméiert. Dat ass d‘Resultat vun engem Sträit, deen den Trump zënter Deeg mam fréiere russesche President Dmitri Medwedew an de soziale Medien huet.
Nodeems den Trump nämlech Russland en Ultimatum gesat huet, a mat Sanktioune gedreet huet, wann et net an e puer Deeg e Waffestëllstand an der Ukrain gëtt, huet de Medwedew mat enger direkter militärescher Ausenanersetzung tëschent Russland an den USA gedreet. Dem Medwedew seng Aussoe wieren domm a provokativ, huet doropshin den Trump geschriwwen. D‘Booter hätt e verluecht, wier de Fall, datt déi Aussoen awer méi sinn, esou den US-amerikanesche President.