Radioen

On air

9 bis 1  |  Les Imprimés - With You

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den Donald Trump gëtt de 47. President vun den USA a versprécht ee "gëllent Zäitalter"

US-Walen 2024

Den Donald Trump gëtt de 47. President vun den USA a versprécht ee "gëllent Zäitalter"

Nach iert hie seng 270 Walleit zesummen hat, huet den Donald Trump senge Supporteren de Moien eiser Zäit scho Merci gesot a sech selwer als Gewënner vun de Presidentschaftswalen deklaréiert. Kuerz viru Mëtteg ass et dann och offiziell ginn, nodeems den Donald Trump och Wisconsin fir sech gewanne konnt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / Consolidated News Photos | Annabelle Gordon play_arrow
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Annabelle Gordon

Et wier eng politesch Victoire, wéi d’Land se nach ni erlieft hätt, sou den Donald Trump. Elo wéilt hien d’Land, dat a sengen Ae krank wier, heelen. 

"Mir hunn ee Land, dat Hëllef brauch. Ganz dringend Hëllef brauch. Mir fäerten eis Grenzen an de Grëff kréien. Mir wäerten alles an eisem Land an de Grëff kréien."

Den Elon Musk gëtt gelueft

Inhaltlech huet den Donald Trump a senger éischter Usprooch no de Wale virun allem eppes ugeschwat: D’Grenze vun den USA ze schützen. "Mir mussen eis Grenze versigelen", sou den Donald Trump. Detailer, wéi hien dat wéilt maachen, sinn iwwerdeems net genannt ginn. Allgemeng war d’Ried vum neien US-President gefëllt mat grousse Verspriechen.

"Ech wäert all Dag fir Iech kämpfen, mat all Otemzuch. Ech wäert net opginn, bis mir nees ee staarkt, séchert a räicht Amerika hunn, dat all eis Kanner an Dir alleguer verdéngt."

E gudden Deel vu senger Ried huet den Trump dann och dem Elon Musk gewidmet. De Besëtzer vun ënnert anerem der Weltraumentreprise SpaceX an Tesla huet den Trump och scho wärend sengem Walkampf ënnerstëtzt, sief dat duerch Walkampfoptrëtter oder awer finanziell. Ganzer 75 Milliounen US-Dollar huet den Elon Musk dem Trump gespent: "We have a new star. A star ist born. Elon!"

Wéi eng Roll de Multimilliardär ënnert dem Trump als President wäert spillen, ass iwwerdeems net gesot ginn, mee Genien, wéi den Elon Musk, misste geschützt ginn, sou den Donald Trump.

Den Trump seet senger Fra Merci

E grousst Theema am Walkampf war d’Recht op Ofdreiwung. A senger Ried ass hien dorop awer net agaangen, mee den neie President hat awer puer Wieder iwwereg fir d’Fraen, déi mat him op der Bün stoungen.

"Seng (dem J. D. Vance) seng absolutt remarkabel a wonnerschéi Fra. Si ass eng groussaarteg Fra. Vu bannen a bausse schéin. An ech wëll och menger schéiner Fra Merci soen, dem Melania. D'First Lady."

Grad senger Fra, der Melania Trump, huet hien extra Merci gesot. Ëmmerhi wier hiert Buch, wou si sech fir d’Recht op Selbstbestëmmung vun de Fraen ausschwätzt, momentan dat meescht gelieste Buch an den USA.

Lauschterenplay_arrow