arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den Donald Trump a seng "special relationship" mat Schottland

Treffe mam Keir Starmer

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Den Donald Trump a seng "special relationship" mat Schottland

De brittesche Premier Keir Starmer huet sech gëschter um Méindeg mam Donald Trump op sengem Turnberry Golf Resort a Schottland getraff, wou si op enger Pressekonferenz vill verschidde Sujet diskutéiert hunn. Gréisser Annoncë goufen et iwwer de Krich an der Gazasträif an an der Ukrain.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / Photoshot
(Foto: picture alliance / Photoshot)

Et waren onerwaart Annoncen, déi den Donald Trump gëschter um Méindeg ugekënnegt hat, wéi hie sech mam Keir Starmer a sengem Golf Resort zu Turnberry getraff hat.

Starmer an Trump enger Meenung

An zwar huet den Donald Trump dem Wladimir Putin eng nei Frist vun "10 oder 12 Deeg" ginn, fir engem Ukrain-Ofkommes zouzestëmmen. Virun zwou Wochen hat den Donald Trump den Ultimatum nach op 50 Deeg gesat. Et hätt awer elo kee Wäert nach ze waarden, sot hien, well bei de Verhandlunge géing et net virugoen.

Déi aner grouss Annonce war, datt d'USA elo Zentre fir d'Liewensmëttelverdeelung an der Gazasträif wëllen opriichten. Dës solle keng Clôturen hunn. Et géing eng "reell Hongersnout" ginn, sot den Donald Trump, an de Keir Starmer huet d'Situatioun an der Gazasträif als "absolut net ze erdroe" beschriwwen.

"Meng Mamm hat d'Land immens gär"

Och dat neit Handelsofkommes tëschent der EU an den USA gouf beschwat. Wéi den Donald Trump gefrot gouf, wisou op EU-Exporter 15 Prozent Douanestaxen erhuewe ginn, an awer just 10 Prozent op brittesche Wueren, huet hien d'Special Relationship tëschent den USA a Groussbritannien erwäänt. Domat mengt hien awer éischter d'Bezéiung, déi hie selwer mat Schottland huet.

"Mir hunn eng ganz speziell Bezéiung mat dësem Land. Meng Mamm ass hei gebuer. Net nëmmen hei gebuer, si hat d'Land immens gär."

Dës Relatioun hätt een Impakt op d'Handelsofkommes gehat, sot de President weider. Haut um Dënschdeg flitt hien erëm zeréck an d'USA, no enger 5 Deeg laanger Visitt a Schottland.



 

play_arrow Lauschteren