Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
search

/ Den Donald Trump wëllt den US-Educatiounsministère ofschafen

Entspriechend Dekret ënnerschriwwen

Den Donald Trump wëllt den US-Educatiounsministère ofschafen

Den US-amerikanesche President Donald Trump huet en Dekreet ënnerschriwwen, mat deem den Educatiounsministère soll komplett opgeléist ginn. D‘Ministesch Linda McMahon soll sech souzesoe selwer ofschafen, esou den Trump.

auto_stories

1 min

Den Donald Trump hält een ënnerschriwwenrt Dekret an d'Luucht (2017) | © picture alliance / Molly Riley/Consolidated/Pool/dpa | Molly Riley
Den Donald Trump hält een ënnerschriwwenrt Dekret an d'Luucht (2017) (Foto: picture alliance / Molly Riley/Consolidated/Pool/dpa | Molly Riley)

Iwwer d'Hallschent vun de Beamte goufe schonn entlooss. De Ministère selwer kann nëmme mam Accord vum Kongress ofgeschaaft ginn. An den USA sinn an der Haaptsaach d'Bundesstaate fir d'Educatioun zoustänneg, de Ministère vergëtt Subventiounen an analyséiert Donnéeën. Den demokratesche Leader am Senat Chuck Schumer huet vum destruktiivste Schrëtt geschwat, deen den Trump bis elo ënnerholl hätt.