Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Datum fir den Trounwiessel: Firwat grad den 3. Oktober 2025?

Monarchie

Datum fir den Trounwiessel: Firwat grad den 3. Oktober 2025?

De Monarchie-Expert Pierre Dillenburg seet sech am 100,7-Interview net iwwerrascht, datt den Trounwiessel schonn an gutt 9 Méint ass. Och wann hien de geneeën Datum net kannt hat, hätt hien domat gerechent datt et nach am Joer 2025 esouwäit wier. 

auto_stories

2 min

headphones

11 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Op Hellegowend hat de Grand-Duc Henri jo annoncéiert, datt hien den 3. Oktober 2025 zugonschte vu sengem Fils Guillaume ofdanke wäert. 

Chamber muss ganz renovéiert ginn

De leschten Trounwiessel vum Grand Duc, viru bal 25 Joer, war an der Chamber, an zwar um 7. Oktober. Dës Kéier ass de Choix awer op eng Woch virdru gefall. De Monarchie-Expert a fréiere Chamber-Greffier Pierre Dillenburg ass der Meenung, datt dat doru géif leien, datt d’Chamber Mëtt Oktober géif ufänken.

"Déi Zeremonie vun der Prestation de serment an der Chamber vum jëtzege Grand Duc do hunn mir de ganzen Sall ausgeraumt gehat. Dee war just fäerdeg renovéiert. An dat muss och dës Kéier sécher gemaach ginn."

Mat der ganzer Technik, déi hautdesdaags an der Chamber ass, wier et méi schwéier alles auszeraumen.

"D'Lieutenance soll ronn ee Joer daueren"

Iwwerdeems ass den 3. Oktober den Nationalfeierdag vun den däitschen Noperen – der Tag der deutschen Einheit. Am 100,7-Interview erkläert de Premier Luc Frieden, datt d’Decisioun vum Datum onofhängeg vun internationalen Evenementer geholl gi wier. 

"Mee d’Zil war et, datt d’Lieutenance vum Grand Duc heritier ronn ee Joer sollt daueren an dohier koume mir op deen Datum. An en plus wollte mir dat ronderëm ee Weekend maache fir dat richteg kënnen ze feieren."

Bis ewell waren d’Feierlechkeete ronderëm en Trounwiessel véier mol an der Chamber. De Monarchie-Expert Pierre Dillenburg geet dovur aus, datt d’Prestation de serment och des Kéier an der Chamber wäert sinn. 

Viru knapp 25 Joer gouf e Samschdeg als Datum ausgewielt, des Kéier wäert et e Freideg sinn, den 3. Oktober 2025. Ob dësen Dag e Feierdag wäert ginn, dat ass net gewosst. Et géif een am Laf vum nächste Joer mat der Planung ufänken, sou nach de Luc Frieden.

Lauschterenplay_arrow