Et leeft een duerch d‘Kierch an duerch d‘Gemeng. An der Schoul gëtt et eng Rutschban vum 2. op den 1. Stack. Ze vill wëll den Giorgio Ricciardelli vum Sportsservice vun der Gemeng awer net verroden.
Parallel zum Steelrun war och den Irun, d‘Inclusiounscourse bei där eng 70 Leit matgemaach hunn.
D‘Carole Schimmer war e Sonndeg zu Déifferdeng an huet e puer Andréck vu béide Coursë gesammelt.