D‘Protester kommen een Dag no der déidlecher Attack e Méindeg op ee Spidol an der Gazasträif, bei där 20 Mënschen ëm d‘Liewe komm sinn, dorënner 5 Journalisten.
D‘Attack gouf vun de Vereenten Natiounen an enger Partie Länner verurteelt, dorënner Frankräich, Däitschland a Groussbritannien. Den israeelesche Premier huet d‘Attack en „tragescht Accident“ genannt an eng Enquête versprach.
Den israeelesche Sécherheetscabinet soll haut, um Dënschdeg, zesumme kommen, fir weider iwwert den ëmstriddene Plang ze beroden, d‘Stad Gaza ganz ënnert d‘Kontroll vun der israeelescher Arméi ze bréngen.
E weidere Sujet kéint och en neien Accord mat der Hamas si fir eng Wafferou d‘Liberatioun vun de Geisele sinn, esou israeelesch Medien.