De Premier hätt säi Récktrëtt beim President agereecht. An den Emmanuel Macron hätt d’Demissioun vum Sébastien Lecornu ugeholl, huet den Elysée-Palais de Moie matgedeelt.
De President vum RN Jordan Bardella huet un de President appelléiert, d’Assemblée nationale opzeléisen. Neiwale wieren néideg, esou de Bardella.
De Sébastien Lecornu war den 9. September als Premier ernannt ginn, nodeem virdrun d’Regierung vum François Bayrou iwwer ee Mësstrauensvott gestierzt war.