arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dem Zoufall sei Dank: D'Police hëlt zwee falsch LuxTrust-Mataarbechter fest

Esch-Uelzecht

|
headphones

1 min

Dem Zoufall sei Dank: D'Police hëlt zwee falsch LuxTrust-Mataarbechter fest

D‘Police huet gëschter um Méindeg zu Esch zwee falsch LuxTrust-Mataarbechter festgeholl, dat awer éischter zoufälleg: Bei enger Kontroll vun engem Auto, deen an e Sens unique eragefuer ass, goufe geklaute Kreditkaarte fonnt.

headphones

1 min

© Bumble Dee / Adobe Stock
(Foto: Bumble Dee / Adobe Stock)

Bei weideren Ermëttlungen huet sech dunn erausgestallt, datt et sech bei den zwou Persounen am Auto ëm déi presuméiert falsch LuxTrust-Mataarbechter handelt, virun deenen d‘Police an der lescht gewarnt huet.

Bei enger Perquisitioun beim Chauffer doheem goufen och nach Handye confisquéiert. Géint de Mann louch och een Haftbefeel vir.

Hie koum an den Untersuchungsprisong op Suessem.