arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Déidlecht Verkéiersaccident tëschent Lëntgen a Luerenzweiler

Police mellt

|
headphones

1 min

Déidlecht Verkéiersaccident tëschent Lëntgen a Luerenzweiler

Gëschter Owend géint 20:30 Auer gouf et een déidleche Verkéiersaccident. Op der N7 tëschent Luerenzweiler a Lëntgen gouf der Police een Accident tëschent engem Auto an enger Foussgängerin  gemellt. D’Fra war zu deem Zäitpunkt no bei Lëntgen op der Strooss, wéi si vun engem Auto ugestouss gouf.

headphones

1 min

© Bumble Dee / Adobe Stock
(Foto: Bumble Dee / Adobe Stock)

Fir déi 49 Joer al Fra koum all Hëllef ze spéit.

D’Police technique gouf mat der Enquête beoptraagt. Eng Autopsie vum Affer gouf ordonéiert.