arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Déidlecht Fligeraccident um Flughafen zu Hong Kong

Fligerongléck

|
headphones

1 min

Déidlecht Fligeraccident um Flughafen zu Hong Kong

Bei engem Accident um Flughafen zu Hong Kong si Persounen um Buedem ëm d‘Liewen komm. E Boeing 747, deen déi tierkesch Fluggesellschaft ACT als Transportfliger benotzt huet, ass bei der Landung vun der Pist ofkomm an an d‘Mier gefall.

headphones

1 min

De Fliger ass an zwee Stécker gebrach, e war duerch en Drot gerannt, an an en Auto geknuppt. Déi zwee Leit an deem Auto koumen ëm d‘Liewen. Déi véier Memberen Equippage am Fliger hunn iwwerléift a wieren net blesséiert ginn, heescht et.