Éischten Informatiounen no hätt si op der Héicht vun der Kräizung beim Këppenhaff d‘Kontroll iwwer hiren Auto verluer. Si wier op d‘Géigespuer geroden an do säitlech an een Auto gerannt, deen entgéint koum.
D'Fra wier nach op der Plaz un hire Blessure gestuerwen. Déi dräi Leit, déi an deem aneren Auto waren, wiere blesséiert an an eng Klinik bruecht ginn.
De Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police gouf vum Parquet mat den Ermëttlungen op der Plaz befaasst.