arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Déi schottesch Whiskysindustrie mécht sech Suergen

Amerikanesch Douanestaxen

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Déi schottesch Whiskysindustrie mécht sech Suergen

Ronn 90 Prozent vum schottesche Whisky gëtt an anere Länner vekaf. D‘Hiersteller liewen also vum Export. An déi lescht Jore ware batter. Schonn an der Pandemie ass den Export vum schottesche Whisky weltwäit agebrach. A mam Krich an der Ukrain war et dunn och mat den Exporter a Russland eriwwer. 

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Schottesch Whiskydistillerie | © Claire Barthelemy
Schottesch Whiskydistillerie (Foto: Claire Barthelemy)

De gréisste Client vum Scotch Whisky ass awer d‘USA. D‘lescht Joer hunn d‘Amerikaner schottesche Whisky* am Wäert vu bal enger Milliard Pond importéiert. 

Schonn an der éischter Amtszäit hat den Donald Trump fir ronn 18 Méint Stroftaxe vu 25 Prozent op schotteschen an iresche Single Malt Whisky gesat. Dëst hat fir d'Whiskysindustrie a Schottland zu engem Verloscht vu ronn 500 Millioune Pond gefouert, schätzt d‘Scotch Whisky Association. 

An Irland, wou d‘Whiskeysindustrie méi kleng ass, hunn an de leschte Jore vill Distillerien hir Produktioun erofgesat oder souguer ganz zougemaach. An well déi nei Stroftaxe fir d‘EU méi héich sinn, wéi déi fir Groussbritannien, ass den iresche Whiskey méi haart betraff wei de Scotch Whisky.

Mee schottesch Hiersteller bereeden sech och op Verloschter vir. Zum Beispill huet Diageo, d'Firma hannert Johnny Walker a Bells, hir Verkafsziler elo erofgesat.

Den US-President huet e Lien zu Schottland

Den Donald Trump huet eng perséinlech Relatioun mat Schottland. Seng Mamm war hei gebuer an hien huet eng Rëtsch Golf Resorts hei, déi hien och gäre besicht. Wéi hien am Juli a Schottland war, hat sech de schottesche Premierminister John Swinney mat him getraff. Zu Ännerunge vun de Stroftaxe koum et zwar net, mee den John Swinney huet awer d‘Problemer ugeschwat, wéi hien an engem Interview mat "Cask to Glass", engem Podcast iwwert Whisky, gesot huet.

"Ech hunn drop opmierksam gemaach, datt et Bedenke gi wat de schottesche Whisky ugeet, an datt d'Tariffer wéi se lo si grousse Schued uriichten, an datt ech hoffen, datt mer d'Stroftaxe kënnen ofschafen."

Am September geet den Donald Trump erëm a Groussbritannien, des Kéier awer op Staatsvisitt. Et gëtt gehofft, datt dës Visitt villäicht dozou féiert, datt Produite wéi de Whisky oder de schottesche Saumon vun de Stroftaxen ausgeschloss ginn. Ob dat och geschitt, ass awer net gewosst. 

Sech op aner Marchéë konzentréieren 

De Scotch Whisky kann sech jiddefalls nach ëmmer op seng Reputatioun verloossen. Zu Edinburgh am Cadenhead's Whisky Shop seet eng Verkeeferin, si hätte bësse méi US-amerikanesch Clientë wéi soss, mee et géing eigentlech ëmmer gutt kaf ginn. 

Groussbritannien riicht sech mëttlerweil méi un aner Marchéen. An zwar huet Indien sech an engem Ofkommes mat Groussbritannien bereet erkläert, d‘Stroftaxen op britteschem Whisky an Gin erofzesetzen. D‘schottesch Regierung sot, datt dëst de Wuesstem a Schottland kéint ukuerbelen. Op dat de Schued vun den amerikanesche Stroftaxen ausgläiche kann, bleift ofzewaarden.

*Bei der irescher an amerikanescher Variant gëtt Whiskey geschriwwen. A Schottland, Kanada a Japan gëtt Whisky geschriwwen. 

play_arrow Lauschteren