Déi spuenesch EU-Kommissärin Teresa Ribera huet den israeelesche Krich an der Gazasträif gëschter als Genozid bezeechent. Si huet déi Ausso viru Studenten a Studentinne vu Sciences Po zu Paräis zu Paräis gemaach. Si huet de 27-EU Memberstaate virgehäit, ze vill gedeelt ze sinn fir zesummen eppes géint d‘Hongersnout, d‘Verdreiwen an d‘Doutmaache vun de Palästinenser z'ënnerhuelen.
Israel huet hir Aussoe schaarf verurteelt: D'EU-Kommissärin Teresa Ribera géif domat Propaganda fir d‘Hamas maachen, esou e Communiqué vum israeeleschen Ausseministère.
Iwwerdeems huet den Hamas de Moien e Video verëffentlecht op deenen zwou israeelesch Geiselen ze gesi sinn, eng vun de Geisele mécht en Appel un den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu de Krich am Gaza ze stoppen. D‘Geisel seet dann och, datt si sech an der Stad Gaza ophält. Op de Video echt ass a wéini en opgeholl gouf, konnt net iwwerpréift ginn.