arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Déi national an déi international sportlech Elite ass e Sonndeg zu Lëtzebuerg

SPORT

|
headphones

2 min

Déi national an déi international sportlech Elite ass e Sonndeg zu Lëtzebuerg

Dese Sonndeg kann een déi allerbeschte Lëtzebuerger an international Athleten an der Coque um internationalen CMCM indoor Meeting materliewen. Um Programm stinn 6 Epreuve bei de Männer an 6 bei de Fraen. Et ass een vun de gréissten indoor Liichtathletik Treffen an Europa.

headphones

2 min

© Carole Schimmer
(Foto: Carole Schimmer)

158 Athleten aus 41 Länner huelen drun Deel. Ënner de Lëtzebuerger sinn d’Sportler vum Joer, d’Patricia van der Weken an de Ruben Querinjean.

Den CMCM Indoor Meeting ass ee vun den éischte wichtege Rendez-vousen vun der Saison. De Generaldirekter vun der Liichtathletiksfederatioun, de Jean-Sébastien Dauch, ass zefridden driwwer, datt eng international Elite zu Lëtzebuerg optrëtt. 

Gutt Chancë fir d'Lëtzebuerger:innen 

Fir d’Lëtzebuerger Athlete gesäit hie gutt Chancen, ënner anerem fir d’Patricia Van der Weken op enger Distanz vu 60 Meter.

"60 mètres, Fanny au 800, j 'y crois, et Ruben au 3000, même s'il n'arrête pas de dire que ce n'est pas sa spécialité, il a, depuis deux ans, il nous a montré qu'il était capable de tout"

D’Fanny Arendt betount, et wier déi éischte grouss Epreuve vun der Saison.

"Meng Beschtzäit ass am Moment 2’02’’34. Wann ech do dru kéint kommen, wär et super gutt, well et ass awer déi éischt 800 an der Saison. An d'Saison ass awer nach laang. An dowéinst, wann ech u meng Beschtzäit kéint dru kommen, wär et super gutt. Bësse méi schnell wär et nach vill besser. An e Landesrekord wär natierlech super gutt."

Déi éischt grouss Epreuve vun der Saison

D’Patricia van der Weken huet och kloer Ziler fir déi nächste Méint, mee och fir den CMCM indoor Meeting. 

"Et wier schéin nach eng Kéier ze wannen. Ech mengen, et wier dann déi drëtte Kéier hannerteneen. Ech mengen, dat ass och flott. Mee jo, ech probéieren awer schonn eng anstänneg Zäit ze lafen, e bëssen e klengen Ausrufezeichen ze setzen an dann hoffen ech, dass ech kann, jo, iwwer déi nächst Woche rëm mech da weider a weider steigeren."

Fir d’Victoria Rausch goung et no Blessuren zënter leschtem Summer nees de Bierg erop, an si huet staark Konkurrentinnen am 60 Meter Hecken.

"Ech wëll schonn emol an d'Finall kommen. Mee d'Meedercher, déi do lafen, si hu wierklech deen héchsten Niveau. An ech mengen ech komme mat enger 12. oder 13. Zäit dran. Dat heescht, an d'Finall ze kommen, wier fir mech schonn eppes Guddes."

Fir si all ass et och flott zu Lëtzebuerg um Depart ze sinn, a virum eegene Publikum ze lafen, dëst wier eng staark Motivatioun.