Jorelaang huet d'Vera Hoffmann sech kontinuéierlech op Mëttelstrecken, also d'Distanze vun 800 an 1.500 Meter verbessere kënnen. Bis et 2020, also kuerz virun den Olympesche Spiller zu Tokyo, an hire Leeschtungen zu engem Abroch kënnt.
D'Lafen huet kee Spaass méi gemaach
2020 wier d'Hoffnung fir d'Olympesch Spiller zu Tokyo grouss gewiescht. 2021, d'Joer vun den Olympesche Spiller, déi Corona-bedéngt hu misste verluecht ginn, ass et awer anescht komm, erkläert d‘Vera Hoffmann.
“Virun allem 2021, wou d’Olympesch Spiller waren, sinn ech 4, 5 Sekonne méi lues gelaf wéi virdrun.“
D'Lafen, eppes wat si zanter der fréister Kandheet mécht, huet op eemol kee Spaass méi gemaach.
Freed um Lafe bei de "Sauer Been" erëmfonnt
Zur selwechter Zäit huet hire Frënd, de Bob Bertemes, selwer en erfollegräiche Mëttelstreckeleefer, eng eegen Trainingsgrupp beim Celtic Dikrech opgebaut.
Den Trainingsgrupp, dee sech selwer d'Sauer Been nennt, huet ëmmer méi Succès fonnt a Leit mat verschiddensten Niveaue fir d'Lafe begeeschtert.
Am Hierscht 2022 huet dann och d’Vera Hoffmann sech ee Coup ginn an ass an de Trainingsgrupp gewiesselt. Si hätt déi richteg Leit zum richtegen Zäitpunkt kennegeléiert.
“Well ech einfach gesinn hunn, hei kreéiert sech grad ee Grupp, dee super mateneen harmonéiert a Freed um Lafen huet an ech hunn dat am Fong gesicht. Dat ass dunn Hand an Hand gaangen, ech hu Freed um Lafen erëm, ech hunn Trainingspartner an op eemol kënnt d’Leeschtung erëm".
D'Olympesch Spiller am Viséier
Zanterhier sinn hir Leeschtungen erëm an d’Luucht gaangen. 2023 sinn, no der Participatioun bei der Weltmeeschterschaft, och d'Olympesch Spiller zu Paräis erëm an hire Viséier geroden.
D'Qualifikatiounsphas wier ustrengend gewiescht. Enn Juni hat d'Vera Hoffmann dunn d'Gewëssheet, datt si bei den 1.500-Meter zu Paräis un de Start dierf. Duerch hir Erfarungen an deene leschte Jore weess d'Vera Hoffmann dës Olympesch Spiller besonnesch ze schätzen. D'Chance an d'Halleffinall ze komme wier kleng, mee ëmsou méi wéilt d'Vera Hoffmann am Virronne-Laf dat Bescht vun hir weisen.