arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Déi aktuell Reglementatioun fir d'Wanterpneuen zu Lëtzebuerg ass sécher genuch

Mobilitéit

|
headphones

1 min

Déi aktuell Reglementatioun fir d'Wanterpneuen zu Lëtzebuerg ass sécher genuch

Et géif kee Grond ginn, d'Reglementatioun fir d'Wanterpneuen zu Lëtzebuerg unzepassen. D'Wanterpneue mam M+S-Symbol géifen duergoen, esou d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes.

headphones

1 min

Pneuewiessel | © EPA/STEPHANIE LECOCQ
Pneuewiessel (Foto: EPA/STEPHANIE LECOCQ)

Bei wanterleche Wiederkonditioune sinn zu Lëtzebuerg Wanterpneue mam M+S Zeeche virgeschriwwen. An Däitschland mussen d'Pneuen d'Symbol vun enger Schnéiflack hunn. Dat wier net néideg zu Lëtzebuerg, seet d'Mobilitéitsministesch. Déi aktuell Regelung wier sécher genuch. 

Generell wier et méi wichteg, datt de Pneu an engem gudden Zoustand wier an datt d'Fuerweis un d'Wiederkonditiounen ugepasst ass.