Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Déi Lénk sollen d'Privatsphär vum Immobiliepromoteur Nico Arend verletzt hunn

50.000 Euro Schuedenersatz goufe gefrot

Déi Lénk sollen d'Privatsphär vum Immobiliepromoteur Nico Arend verletzt hunn

An enger Zivilklo verlaangt den Immobiliepromoteur Nico Arend 50.000 Euro Schuedenersatz vun déi Lénk, vun de béide Parteispriecher an de béiden aktuellen Deputéierten. Dat wéinst der Verletzung vun der Privatsphär an dem Droit à l’image.

auto_stories

2 min

déi Lénk | © Serge Kesseler
Foto: Serge Kesseler

Dat hunn déi Responsabel vun déi Lénk haut virun der Press ëffentlech gemaach. Si kritiséieren d’Zivilklo als Versuch vu politescher Destabiliséierung a politescher Aschüchterung.

De Matgrënner vun der Gesellschaft “Arend & Fischbach” vu Miersch géif sech an der Illustratioun an enger Publikatioun vun der Partei an der Campagne fir d’Chamberwalen 2023 erëmerkennen.

Ëm follgend Plakat handelt et sech.  | © déi Lénk
Ëm follgend Plakat handelt et sech. (Foto: déi Lénk)

Dozou huet de lénke Politiker Marc Baum Stellung geholl.

"Éischtens: kee vun eis kennt den Nico Arend perséinlech a mir hunn dofir weder Sympathie nach Antipathie fir d’Privatpersoun. Zweetens: Mir bleiwen dobäi, datt mir den Immobiliepromoteur net individuell schiedegen oder blesséiere wollten, an dat och net gemaach hunn. Et handelt sech bei der Figur ëm ee stereotypéierte Geschäftsmann (...). Ausser dem Nico Arend huet keen de Lien gemaach, kee Politiker, kee Journalist huet dee Lien gemaach."

Donieft géif de Promoteur kritiséieren, datt déi Lénk geschriwwen hat, datt eng Handvoll grouss Promoteuren enorm vill Terrainen hunn, dorënner ënner anerem Arend & Fischbach. Dobäi hat d’Partei sech op den Observatoire de l’habitat beruff.