arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Déi Lénk kritiséiere "brutal neoliberal Politik" vun der Regierung

Parlamentaresche Bilan

|
reading time

2 min

Déi Lénk kritiséiere "brutal neoliberal Politik" vun der Regierung

Déi Lénk hunn d’CSV-DP-Regierung bei hirem parlamentaresche Bilan als "brutal" beschriwwen. Et hätt ee sech eng neoliberal Politik erwaart, mee grad den Ëmgang mam Sozialdialog hätt negativ iwwerrascht.

reading time

2 min

Den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum sot, et hätt ee sech virun engem Joer zwar eng neoliberal Regierung erwaart, déi fir d’Patronat schaffe géif, mee mam Ausmooss vun den Zitat “Attacken” op de Sozialdialog an déi schaffend Leit hätt een net gerechent.

Isoléiert Ministeren

Nach wier näischt dovunner ëmgesat, betount de Marc Baum. D’Regierung hätt sech mat hirer "neoliberaler Ausriichtung a staark autoritären Zich" awer kee Gefale gemaach.

"An d'Regierungskoalitioun, d'Ministere ginn a Fro gestallt, virun allem déi ronderëm de Luc Frieden an de Georges Mischo, an d’Martine Deprez ginn a Fro gestallt. Entre-temps, net nëmme vun de Gewerkschaften. Se ginn a Fro gestallt vum eegene Koalitiounspartner. Se ginn a Fro gestallt vun der eegener Partei, der CSV, wou ëmmer méi Leit sech offe géint déi dote Politik vun der Regierung stellen."

play_arrow De Marc Baum

Dës Ministeren hätte sech duerch hir Inkompetenz "komplett" isoléiert. Dat géing weisen, datt de Luc Frieden an enger "kompletter Selbstiwwerschätzung" liewe géing, esou de Marc Baum.

Rotatiounsprinzip bei déi Lénk

Dëst parlamentarescht Joer waren de Marc Baum an den David Wagner fir déi Lénk an der Chamber. Nom interne Rotatiounsprinzip wäerte vun Oktober 2026 un de Gary Diederich an d’Ana Correia da Veiga hir Plaz an der Chamber anhuelen. Dat gouf nach eng Kéier op der Pressekonferenz confirméiert.