Fir den David Wagner vun déi Lénk wär deen Avis zwar besser wéi näischt. Et wier een awer der Meenung, datt ee vill méi wäit hätt misse goen. Dat sot den Deputéierte de Moien um Méindeg no enger Kommissiounssëtzung.
Et géif een d’Propos vun der LSAP ënnerstëtzen, fir net just déi kommerziell Relatiounen ze suspendéieren. Israel hätt Angscht viru Sanktioune vun der EU, esou den David Wagner.
Et ass net richteg ze mengen, dass alles ëmmer vun den Amerikaner ofhänkt. Israel ass och immens ofhängeg vun der europäescher Hëllef, an déi Ekonomie an Israel lieft och vill dovun.
Et géif jo net drëms goen déi israeelesch Bierger ze bestrofen, esou den David Wagner.
Déi wiere scho genuch bestrof mat hirer Regierung. Mee et géif dorëms goen d'Regierung ze destabiliséiere respektiv ze initiéiere mat deem op ze hale wat se zur Zäit am gaange sinn unzeriichten.
D’CSV/DP-Majoritéit geet awer wuel net mat op de Wee vun der Text-Ergänzung vum Franz Fayot. Soudatt aus deem aktuellen Avis eng Resolutioun dierft ginn, iwwert déi iwwermuer um Mëttwoch an der Chamber kéint ofgestëmmt ginn, wéi den DP-Kommissiounspresident Gusty Graas erkläert huet.