A verschiddene Gemenge wier zum Beispill keen Dokument dobäi mat den Erklärungen, wéi ee richteg wielt, a wéi vill Stëmmen ee ka verginn. An d‘Piktogrammer géife suggeréieren, datt een nëmme fënnef Kräizer dierft maachen, esou de gréngen Deputéierte Meris Sehovic a senger parlamentarescher Fro. Vum Inneminister wëllen déi Gréng elo wëssen, a wéi ville Gemengen d‘Dokument mat den Erklärungen zur Stëmmvergab net matgeschéckt gouf, a wat den Inneminister plangt, fir dat richteg ze stellen.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ déi Gréng behaapten, et géife Probleemer bei der Bréifwal fir d'Europawalen ginn
Europawalen
déi Gréng behaapten, et géife Probleemer bei der Bréifwal fir d'Europawalen ginn
déi Gréng soen, et géif e Problem bei der Bréifwal fir d‘Europawale ginn. Si hunn dowéinst eng urgent parlamentaresch Fro un den Inneminister Léon Gloden gestallt. Wéi déi Gréng schreiwen, géife wichteg Informatiounen an de Courriere feelen, déi zanter der leschter Woch un d‘Leit geschéckt ginn, déi sech fir d‘Bréifwal ageschriwwen hunn.
auto_stories
1 min
Foto: picture alliance / Zoonar | DesignIt