Leit aus allen Alterskategorien an och Klengspuerer mat 2.000 bis 3.000 Euro hätte beim sougenannten “Defence Bond” matgemaach, esou de Gilles Roth (CSV).
Staatsobligatioun fir Wunnengsbau an Energie-Transitioun?
De Minister huet och gesot, datt hie sech ka virstellen, datt et änlech staatlech Obligatioune fir de Wunnengsbau a fir d’Energie-Transitioun kéinte ginn.
Dem Gilles Roth no wier et elo de “richtege Moment” gewiescht, den “Defence Bond” ze lancéieren. Dës Obligatioun vun 150 Milliounen Euro war d’lescht Woch bannent manner wéi 24 Stonne bei de fënnef Banken ausverkaaft.