arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Debatt zu Lëtzebuerg: Just Jo heescht Jo

Strofrecht sexuell Gewalt

|
headphones

4 min

headphones

2 min

play_arrow

Debatt zu Lëtzebuerg: Just Jo heescht Jo

Nodeems a Frankräich d'Strofrecht a Punkto sexuell Gewalt verschäerft gouf an domadder Sex ouni kloer Awëllegung strofbar gëtt, geréit dëst Theema och zu Lëtzebuerg nees an de Mëttelpunkt.

headphones

4 min

headphones

2 min

play_arrow

Dat franséischt Gesetz hält elo fest: Ouni kloren a fräie Jo gëtt et kee Consentement fir eng sexuell Relatioun. Ass een alkoholiséiert, drogéiert oder net bei Bewosstsinn, dann ass all Awëllegung ausgeschloss, wat iwwer dat franséischt oder och spuenescht Gesetz als Vergewaltegung qualifizéiert gëtt.

Zu Lëtzebuerg feelt et un enger klorer Definitioun vum Consentement. Am Juli gouf et zu deem Sujet an der Chamber eng Debatt am Kader vum Petitiounsrecht, wou d'Petitionäre 54 Amendementer zum Lëtzebuerger Gesetz proposéiert hunn, an Tëschenzäit wier awer näischt geschitt, bedauert d'Ana Pinto, Presidentin vun der Associatioun: La voix des survivantes.

"Mir kruten awer gesot, am September Oktober géife mir dann, héchstwarscheinlech geruff ginn, fir och mat hinnen zesummen ze schaffen. An de Kommissioune géif doriwwer debattéiert ginn. Elo muss ech éierlech soen, bis elo hunn ech näischt méi héieren. Dat heescht, ech hoffe wierklech, datt et eng Prioritéit fir eis Regierung ass. Mir gesi jo wierklech, datt dat muss prioritär sinn. Elo si mir nach eng kleng Associatioun, awer mir hu quasi all Dag eebe Leit, déi eis schreiwen, déi eeben entweeder mëssbraucht goufen oder eebe Froen hunn iwwer de Consentement."

Recht op Suivi 

Et  wier awer d'Recht vun de Petitionäre betount d’LSAP-Deputéiert a Presidentin vun der Chamber-Petitiounskommissioun d'Francine Closener, datt e Suivi gemach gëtt: 

"De Petitionär oder d'Petitionärin huet e Recht dorobber, datt e Suivi gemaach gëtt. A si kréien deen an der Chamber nom Debat annoncéiert. An dann ass et un der Chamber, zesumme mat der Regierung, dee Suivi och ze maachen."

Als Petitiounskommissioun hätte si leider net den Iwwerbléck, wou déi verschidde Kommissioune genee dru si mat deem Suivi, esou d'Francine Closener. 

Dossier: sexuell Gewalt

Een Dossier, deen eben net wéi geplangt schonn am September oder Oktober traitéiert gouf, wier dee vun der Petitioun iwwer sexuell Gewalt: D’Francine Closener

"Mir hunn awer och déi Petitioun eebe géint sexuell Gewalt. Do ass der Madamm Pinto versprach ginn an deenen anere Petitionären, datt all Punkt vun hirer Propos ganz genee an der Chamber analyséiert gëtt."

"Net op Mokuchsdag verleeën"

Dat wier natierlech Aarbecht, esou d’Francine Closener. Et wier zäitopwänneg, fir déi verschidde Kommissiounen zesummenzekréien, mee dat wier eeben dat, wat de Petitionären zoustéing. Soss bräicht ee keen Debat public ze maachen, wann een iwwerhaapt kee Suivi wëll maachen, esou d'LSAP Deputéiert. 

"An ech denken, datt dat net de Wëllen ass vu kenger Partei a weeder vun der Chamber nach vun der Regierung, mee da musse mir dat awer och konsequent duerchzéien a wéi gesot, dat net op Mokuchsdag verleeën an der Hoffnung, datt dat sech iergendwéi vum selwen erleedegt."

Nieft dem rechtlechen Kader ass fir d'Ana Pinto och d’Preventioun ganz wichteg. Bei hire Visitten an de Schoulen, erkläert si de Schüler:innen, datt Alkohol keng Inivatioun ass fir Grenzen auszenotzen. 

"Ech probéieren hinnen ëmmer ze soen, et ass net, well ee gedronk huet, datt dat eng Invitatioun ass, dat ass e Viol, dat ass eng Vergewaltegung. Wann een net den Accord vun der Victime huet, ass et eng Vergewaltegung. 

A wann een eng Definitioun hätt, déi juristesch méi prezis wier wéi a Frankräich, da wier dat de Leit an och den Affer méi bewosst, datt et nëmmen Jo ass, wann ee Jo seet, esou d'Ana Pinto. 

Déi Jonk mee och Erwuessener wëssen net ëmmer, wéi eng Rechter si hunn, et wier och wichteg, datt ee ganz fréi an de Schoule Course kritt iwwer de Respekt vum Kierper, an datt een am Fall vun engem Problem sech u Vertrauenspersoune soll adresséieren. Ee weidere Problem ass de Manktem u psychologeschen Hëllefen. D’Affer mussen dacks méintelaang op ee Rendez-vous waarden.

14 ëffentlech Debatten zu Petitiounen

Bannent deene leschten zwee Joer goufen et iwwregens am Ganze 14 ëffentlech Debatten zu Petitiounen. Verschiddener wäerte keen direkte Suivi kréien, well d’Regierung schonn éischt Schrëtter geplangt huet. An aneren Dossiere wier awer nach näischt geschitt, esou d'Francine Closener

"D'Fro, datt een Elterendeel d'Recht huet op manner Stonnen ze schaffen, mat Hëllef vum Staat, fir méi Zäit mat de Kanner ze hunn, esou datt d'Maison-relaisen net iwwerfëllt sinn. Do war déi Petitioun deemools geschriwwen. Do ass jo gesot ginn, am Koalitiounsaccord wëllen d'Regierungsparteie jo eppes an där Richtung maachen. Mee bis elo ass awer nach näischt komm." 

Schlussendlech vermësst d’Francine Closener och déi juristesch Analysen a Punkto Heescheverbuet, wou et gläich zwou Petitiounen dozou gouf.

Do hätt missten eng déifgräifend a komparativ juristesch Etude gemaach ginn ënner anerem vum Conseil scientifique vun der Chamber. Dee Rapport feelt bis haut, bedauert d’Francine Closener.

play_arrow Lauschteren