Dem Mikhail Fridman säi Verméige war an der Suite vun den EU-Sanktioune géint Russland wéinst dem Invasiounskrich géint d‘Ukrain och hei am Land agefruer ginn. De Staatsministère hätt op Nofro vu Reporter.lu confirméiert, datt eng Prozedur fir ee Prozess virun engem internationale Schiidsgeriicht ugefrot gi wier. Et ass deen éischte Prozess vun där Zort hei am Land an och déi éischt Klo vun enger sanktionnéierter Persoun, esou nach Reporter.lu.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ De russeschen Oligarch Mikhail Fridman verklot Lëtzebuerg op Schuedensersatz
Éischte Prozess vun där Zort
De russeschen Oligarch Mikhail Fridman verklot Lëtzebuerg op Schuedensersatz
De russeschen Oligarch Mikhail Fridman géif Lëtzebuerg op Schuedenersatz an Héicht vun iwwer 15 Milliarden Euro verkloen. Dat mellt den Online-Magasinn Reporter.lu mat Verweis ënnert anerem op „I A Reporter“.
auto_stories
1 min
Foto: Letter One Group